All Woch zielt d’woxx-Redaktioun an hirem Podcast, wat se dës Woch online an am print beschäftegt huet.
Dat waren zu engem groussen Deel natierlech d‘Wale vun dësem Sonnden, eng Fake-Ëmfro, mä awer och ee weideren Extrait aus de Panama-Papers an d’Klimapolitik, déi eist Thema vun der Woch ass.
De Joël Adami an de Raymond Klein diskutéieren iwwer de neiste Rapport vum UN-Klimarot IPCC, deen d’Konsequenze vun enger Erwiermung op 1,5 Grad beschreift. Ass et iwwerhaapt nach méiglech, dëst Zil ze erreechen a wat misst politesch dofir passéieren?
Si beschwätzen d’Presentatioun vum Bericht, déi zu Lëtzebuerg vum Ëmweltministère organiséiert ginn ass, analyséieren d’Resultater vum EU-Ëmweltminister*innentreffen a spekuléieren, wéi et no de Wahle mat der Klimapolitik zu Lëtzebuerg kéint virugoen.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #251 – De Rietsruck an Europa
- Am Bistro mat der woxx #232 – De Klimawandel weltwäit an zu Lëtzebuerg
- Am Bistro mat der woxx #215 – Wat steet bei der Weltklimakonferenz COP27 um Spill?
- Am Bistro mat der woxx #212 – De Stand vun der Lëtzebuerger Klimapolitik AN Wéi reagéieren Italo-Lëtzebuerger*innen op d’Walen an Italien?
- Am Bistro mat der woxx #189 – Bremst den Ukraine-Krich d’Energiewend?