All Woch präsentéiert d’woxx an der Emissioun Am Bistro mat der woxx een Réckbléck op déi läscht Woch an een Abléck an déi aktuell woxx.
Dës Woch schwätzt de Joël Adami iwwert d’Wanteraktioun, déi huet misste méi fréi opgemaach ginn, iwwert de Brexit, deen an der Chamber diskutéiert ginn ass, iwwer Gewalt géint Fraen, géint déi et eng Aktiounswoch gëtt an Airbnb zu Lëtzebuerg, dat Problemer fir de Wunnengsmaart bedeit. Ausserdeem hu mir eng néi Mataarbechterin, d‘Isabel Spigarelli, déi sech kuerz virstellt an doriwwer schwätzt, wéi hier éischt Aarbechtswoch bei der woxx war.
D‘Thema vun der Woch ass d‘Piratepartei an hir „technesch“ Zesummenaarbecht mat der ADR. Obwuel et virun engem Mount nach geheescht huet „Mir bleiwen eng sensibilité politique“, ass elo bekannt ginn, datt d’Piratepartei mat der rietspopulistescher ADR zesummeschafft, an zwar am Kader vun engem technesche Grupp. D’woxx-Journalist*inne Joël Adami an Isabel Spigarelli schwätzen doriwwer, wat dat heescht an datt dat och bannent der Partei net immens gutt opgeholl ginn ass.
D‘ mp3 eroflueden.
De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #251 – De Rietsruck an Europa
- Am Bistro mat der woxx #182 – Lëtzebuerger Wandmillen: offline duerch de Cyberkrich
- Am Bistro mat der woxx #181 – D’Situatioun vu LGBTIQ-Persounen an Europa
- Am Bistro mat der woxx #180 – Kritik um néie Quartier „Faïencerie“ am Rollengergronn
- Am Bistro mat der woxx #179 – D’Resultater vum Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050