All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Dës Woch schwätzen de Luc Caregari an de Richard Graf am Podcast Am Bistro mat der woxx iwwert de finanzielle Bilan vun der CFL an de Brussels Economic Forum. Déi national Eisebunnsgesellschaft CFL huet dat fënneft Joer a Folleg mat engem liichte Plus ofgeschloss. De Richard Graf huet sech de Bilan ugekuckt an erklärt, wat dat bedeit a wéi fragil dëst Resultat a Wierklechkeet ass. Nieft dem finanzielle ginn d‘woxx-Journalisten awer natierlech och op d‘Zukunftsaussichte vun der CFL an, déi probéiere muss, déi vill Problemer mat Verspéidungen, Ausfäll an ze mann Kapassitéiten ze léisen. Och d‘Problemer mat de franséischen Zich kommen zur Sprooch.
De Brussels Economic Forum ass eng wichteg Plaz, wou iwwert ekonomesch Themen an der EU diskutéiert ka ginn. An déi Manifestatioun war dëst Joer tatsächlech iwwerraschend spannend, woumat de Luc Caregari, dee fir d‘woxx op Bréissel gefuer war, guer net gerechent hat. Hien zielt dann och, wat hien am meeschten do beandrockt huet a wisou de Forum seng Wichtegkeet huet.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #122 – Den Tram fiert op d’Gare – wat ännert sech um Fuerplang?
- Am Bistro mat der woxx #287 – Migratiounspolitik am EU-Walkampf
- Am Bistro mat der woxx #286 – Ëmmer nach Neiland – Digitalpolitik vun de Lëtzebuerger Parteien
- Am Bistro mat der woxx #285 – Wéi eng Sozialpolitik wëllen d’Lëtzebuerger Parteie fir d’EU?
- Am Bistro mat der woxx #284 – Wéi eng Klimapolitik wëllen d’Lëtzebuerger Parteie fir d’EU?