D‘Entrée vum Claude Turmes an d‘Regierung als Successeur vum Camille Gira am Nohaltegkeetsministère an den Exit vum Françoise Folmer un der Spëtzt vun deene Grénge kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Partei an de Sondagen am Opdriff ass an sech als Koalitiounspartner ubitt. Doriwwer schwätzt dëse Sonndeg de RTL-Presseclub um 11 Auer. Aner sinn d‘Resultater aus dem Politmonitor an d‘Kandidaten, mat deenen d’ADR an d’Wahle geet.
Invitéen dës Woch an der RTL-Journalist*inneronn: Josée Hansen vum Land, Marc Schlammes vum Wort, de Robert Schneider vum Tageblatt an de Joël Adami vun der Woxx.
RDV fir de Presseclub um Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer. mehr lesen / lire plus