Interkulturalitéit: Historia cruzada?
An der Geschichtsfuerschung gëtt schonn zënter enger Zäit driwwer nogeduecht, ob a wéi een Immigratiounsgeschicht an de Kader vum Geschichtsdiscours vun engem Land ka setzen. Déi Fro stellt sech natierlech och fir Lëtzebuerg – zum Beispill, wann et ëm seng portugisesch Minoritéit geet.
Virun enger Zäitchen huet d’Regierung en neie Logo agefouert. D’Grafik dovunner spillt mat der Iddi, datt den „x“ am Wuert „Luxembourg“ als Kräizung ze deiten ass, eng Plaz also, wou sech zwee Weeër begéinen. Wou sech Weeër begéinen, begéinen sech och Leit – eigentlech eng schéi Virstellung, déi op interkulturellen Austausch verweist. mehr lesen / lire plus