Nationalismus: „Das Proletariat hat kein Vaterland“


Nationalismus ass op der politescher Landkaart net nëmme riets ze fannen. Och an der Gauche gëtt mat schwammege Konzepter vu kollektiver Identitéit jongléiert. Dobäi ass de Sozialismus vu sengem Prinzip hir internationalistesch.

Och an der Gauche gëtt alt op Konstrukter wéi „Vollek“ an „Natioun“ gesat: hei e Poster vun der franséischer kommunistescher Partei vun 1970. (Quell: http://www.amolenuvolette.it)

Virun e puer Méint hat ech mam Justin Turpel, Ex-Deputéierte vun „Déi Lénk“, op Twitter e kuerzen Austausch zum Thema kollektiv Eegenaarten. Hien hat nämlech de 17. Oktober lescht Joer an enger Carte blanche op RTL am Kader vun enger Kritik un der EU Folgendes gesot: „A wat mech nach stéiert ass, datt all Effort fir lokal, national a regional Eegenaarten ze verdeedegen an ze stäerken – sief et d’Sprooch oder d’kulturellt Schafen – direkt als nationalistesch bzw. rassistesch dohi gestallt gëtt. Déi Eegenaarten, an och déi Leit, déi sech derfir asetzen, gi vill ze vill vu Rassisten, Populisten a rietsextreme Bewegunge fir hir mënschefeindlech Politik genotzt. Mir duerfen op kee Fall zouloossen, datt all déi Leit, déi sech fir sproochlech a kulturell Eegenaarten asetzen, dëse geféierleche Bewegungen an d’Äerm gedriwwe ginn, well grad dat zu der aktueller Stäerkung vu Rietspopulismus a Friemefeindlechkeet an Europa a soss an der Welt bäidréit. En anert Europa, an deem d’Mënsche solidaresch mateneen ëmginn a mat hire verschiddene Kulturen niefteneen a matenee liewen, ass glat net am Widdersproch zu lokalen, nationalen a regionalen Eegenaarten – ganz am Géigendeel!“

Op meng Nofro hin, wat een sech misst ënner „national a regional Eegenaarte“ virstellen, huet de lénke Politiker op Twitter widderholl, et géing dorëm „lokal, national a regional Eegenaarten (Kultur, Sprooch) vu jidderengem“ unzëerkennen. Entscheedend wier dobäi „de Respekt an d’sech och an deem Zesummenhang wiere géint all Ausgrenzung“.

Gemeinsam géint de Kapitalismus

Dës Virstellung vun engem friddlechen Niefteneen vun ënnerschiddleche kollektiven Eegenaarte werft zwou Froen op: Engersäits déi, wéi sech d’Gauche zu Konzepter vun esou kollektiven Eegenaarten, et kéint een och soen, vun enger kollektiver Identitéit stellt, déi gemengerhand éischter politesch riets ze fanne sinn a sech oft an nationalisteschen Tendenzen, an / oder am staarke Bezuch op eng Communautéit oder eng Sprooch äusseren; anerersäits déi, ob et da kollektiv Eegenaarten iwwerhaapt gëtt oder net. Déi zwou Froe sinn net nei, si beschäftege Politik a Wëssenschaft scho säit der Entstehung vum Sozialismus am 19. Joerhonnert.

De Sozialismus wor am Ufank als eng internationalistesch Bewegung ugeluecht. Net fir näischt stoung schonn am kommunistesche Manifest vun 1848: „Das Proletariat hat kein Vaterland“, an: „Proletarier aller Länder, vereinigt euch!“ Gemeinsam sollt géint e gemeinsame Feind gekämpft ginn, nämlech de Kapitalismus. Dëse Prinzip, datt déi international Aarbechterbewegung net an nationalen, mee a soziale Kategorië misst denken, huet sech awer an der Realitéit siele genuch duerchgesat. D’Konkurrenz tëscht inlänneschen an auslänneschen Aarbechtskräften huet an allen europäesche Länner zu Konflikter gefouert, an den Nationalismus, deen Enn vum 19. Joerhonnert ëmmer méi staark ginn ass, huet och am Aarbechtermilieu Uklang fonnt. Sozialistesch Stëmme wéi déi vun der Rosa Luxemburg, déi sech dozou kritesch positionéiert hunn, woren éischter rar.

Héijer Kulturen

An dësen „Nationalismus vun ënnen“ huet deelweis och op essentialistesch Argumenter zréckgegraff. Sou huet de Reformist Eduard Bernstein zum europäesche Kolonialismus gemengt, et kéint „nur ein bedingtes Recht der Wilden auf den von ihnen besetzten Boden anerkannt werden. Die höhere Kultur hat hier im äußersten Fall auch das höhere Recht“. An de Lëtzebuerger Sozialist René Blum huet als jonken Affekot an enger Étude iwwert d’Aarbechtszäit op dat „rassescht Element“ bei den italieneschen Aar-
bechtskräfte verwisen. D’Italiener géifen nämlech eng zousätzlech Aar-
bechtsstonn besser verdroen, mat méi enger klenger physescher a moralescher Spannung.

Zwar housch et am Lidd „L’Internationale“ vun 1871, dat zënterhir an der ganzer Welt gesonge gouf: „Paix entre nous, guerre aux tyrans! Appliquons la grève aux armées“. Mee wéi et 1914 zum Ausbroch vum 1. Weltkrich koum, huet den däitsche Sozialdemokrat Otto Braun virausgesinn, datt am Krich, deen sech ugekënnegt huet, „halb-
asiatische, schnapsgefüllte russische Kosakenhorden die deutschen Fluren zerstampfen, deutsche Frauen und Kinder martern, die deutsche Kultur zertreten“.

Déi international Aarbechterbewegung ass duerch den Dilemma tëscht nationaler a Klassesolidaritéit zerrappt ginn. Am offensichtlechste wor dat bei der däitscher Sozialdemokratie. De pazifistesche Fligel vun der Partei, deen am Ufank nach staark wor, gouf an d’Minoritéit gesat an am Parlament huet d’SPD d’Krichskrediter matgestëmmt. Den Historiker Jürgen Kocka beschreiwt dës Entwécklung mat de Wierder, et hätt sech „bei den Führern und meisten Abgeordneten der Mehrheit ehrenwertes Pflichtgefühl, Patriotismus und sozialdemokratische Solidarität mit Konzeptionslosigkeit, politischem Versagen und der Bereitschaft gepaart, zunächst die Regierung fast bedingungslos zu unterstützen und bis zum Kriegsschluß die Arbeiterschaft bei der Stange der Kriegsanstrengung zu halten, ohne tiefgreifende und sofortige Reformen als Gegenleistung zu fordern und dadurch die sich anbahnende Lockerung ihrer Verankerung in den Arbeitermassen zu verhindern“. Et koum schliisslech zu Spaltunge vun der Partei, aus deenen Ufank 1919 d’Kommunistesch Partei ervirgaang ass.

Och a Frankräich gouf et am Ufank vum Krich eng „Union sacrée“, an de Sozialist Édouard Vaillant huet am September 1914 formuléiert: „En luttant pour son indépendance, la France lutte pour la paix du monde, de sorte que devoir patriotique et devoir socialiste se fortifient l’un par l’autre.“ An déi sozialistesch Partei huet sech fir eng Krichsbedeelegung vu Frankräich ausgeschwat, wann déi reng defensiv wier. Am deemools neutrale Lëtzebuerg huet sech d’Aarbechterbewegung net missten zur Fro vun enger Krichsbedeelegung positionéieren. Mee virum Hannergrond vun Honger an Aarmut huet si och wéineg thematiséiert, datt déi Lëtzebuerger Héichiewen net neutral woren, mee fir d’Krichsindustrie an Däitschland gedämpt hunn, wou aus den däitschen Aarbechter-Bridder Zaldote gi woren.

Natierlech hunn déi lénks Parteien a ville Länner net nëmmen aus nationalisteschen Haltungen eraus de Krich matgedroen, mee oft, well se sech fir hir Haltung aner politesch Zougeständnesser erhofft hunn. Donieft ass et och ëm d’Fro vum Erhalen oder den Zesummebroch vum ale System bei enger Ofleenung vum Krich gaang, well dat hätt de facto seng Afrostellung bedeit. Mee oft genuch koumen nationalistesch Argumenter dobäi.

Essenzialistesche Kär

An domat wiere mer bei der zweeter Fro ukomm. Nationalismus bedeit jo net nëmmen d’Verteidegung vu soziale Besëtzstänn, déi an engem Staat entstan sinn an déi zum Beispill duerch e Krich kënnen a Gefor geroden. Net nëmme géint aner Länner, mee och géint Friemer, déi sech an engem Land wëllen nidderloossen, gëtt ugekämpft. Den Nationalismus huet och en essenzialistesche Kär, well gemengt gëtt, datt ee vun Natur aus franséisch oder däitsch oder lëtzebuergesch wir an deementspriechend d’Eegenaarte vun dëser Natioun hätt, meeschtens besserer wéi deenen aneren hir. Et si ganz Bicher geschriwwe ginn, fir dat angeblecht Wiese vun de verschiddenen Natiounen ze beschreiwen.

Während fréier vun der Existenz vu mënschleche Rassen ausgaange ginn ass, an och d’Konzept vun der Natioun sech op eng gemeinsam Ofstamung vun hire Membere bezunn huet, sinn esou Konzepter haut net méi haltbar. Trotzdeem lieft d’Iddi vun der kollektiver Identitéit weider, vu Gemeinschaften, där hir Memberen duerch sproochlech a kulturell Zougehéieregkeeten oder duerch eng gemeinsam Vergaangenheet matenaner verbonne sinn. De Politolog Benedict Anderson huet fir dës Versich, eng national Identitéit ze konstruéieren, de Begrëff „imagined communities“ gebraucht.

Vermëttelt gëtt bei der Duerstellung vu kollektiven Eegenaarten och e rigid Bild vun enger Gesellschaft. Sproochen, Traditiounen a Kultur, déi an engem Land oder enger Regioun präsent sinn, veränneren sech awer, an et kann een sech se als Newcomer och uneegnen, wéi mer et zu Lëtzebuerg jo och all Dag erliewen. An de Bezuch op eng gemeinsam Vergaangenheet ass net wäertfräi: Et ass net belanglos, wat zu esou enger Geschicht gehéiert a wat ausgeklamert gëtt – ee markant Beispill ass de Saz aus de franséische Schoulbicher, „Nos ancêtres les gaulois“, deen afri-
kanesch Kanner an de franséische Kolonien hu misse léieren.

Mir hunn an de leschte Jore gesinn, datt d’Gauche sech schwéier deet, sech kritesch mat der Iddi vun der Natioun ausernaner ze setzen. Besonnesch a Frankräich, mee och zum Beispill a Griicheland sinn am Kader vun der europäescher Kris ëmmer nees Konzepter wéi „national Souveränitéit“, „Vollek“ an „Natioun“ beschwuer ginn. Dat verréit dach awer eng Tendenz zu engem problematesche Réckzuch op dat Nationaalt, déi entweder vu populistescher Strategie gedroen ass, oder tatsächlech an déi al Virstellung vu kollektiven Identitéi-
ten an Eegenaarten zréckfält. Begrëffer wéi kollektiv Identitéit oder Eegenaarten drécken awer net méi aus wéi eegen oder friem Definitiounen dovun, wat e bestëmmte Grupp an der Gesellschaft ze sinn huet. Dobäi geet et och ëm Muecht.

Dëse Beitrag ass fir d’éischt de 5.1.2017 an Audio-Form um Radio 100komma7 an der Rubrik „ZäithistorikerIn“ diffuséiert ginn.

Quellen:
Eduard Bernstein: „Die Voraussetzungen des Sozialismus und die Aufgaben der Sozialdemokratie.“ 1984, S. 180.
Brandt, Peter; Groh, Dieter: „Vaterlandslose Gesellen“. Sozialdemokratie und Nation 1860-1990. München 1992. S. 160.
Kocka, Jürgen: [Rezension] Susanne Miller: Burgfrieden und Klassenkampf: die deutsche Sozialdemokratie im Ersten Weltkrieg. Düsseldorf: Droste, 1974, in: Historische Zeitschrift (HZ), 223, (1976) 1, 205–208.
Thomas Wieder: „Les socialistes et la guerre: un siècle de tourments“, Le Monde, 5.11.2013, http://www.lemonde.fr/politique/article/2013/11/05/les-socialistes-et-la-guerre-un-siecle-de-tourments_3507743_823448.html#9CB0joLf785JeYu9.99
Fayot, Ben: „Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940“, Bd. 1, Luxembourg 1979.
Philippe Corcuff: „Guide politique de vigilance anti-essentialiste“, Attac France, o. J., https://france.attac.org/nos-publications/les-possibles/numero-10-ete-2016/dossier-droits-justice-et-democratie/article/guide-politique-de-vigilance-anti-essentialiste, Stand: 02.01.2017.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.