Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #7 Streaming vs Kino

von | 13.08.2021

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech – a wa mir schonn um Canapé setzen, da schwätze mir och mol iwwert Netflix a Co. D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli vu der woxx denken haart iwwert Streaming, Kino a Fernsee no: Wiem seng läscht Stonn huet geschloen? An ass alles Schrott, wat net am Kino leeft?

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/woxx

Streaming-Déngschter fir Filmer a Serien si aus dem Alldag vu ville Mënschen net ewech ze denken. Huet de Kino dofir ausgedéngt? D’Tessie Jakobs a d’Isabel Spigarelli vu der woxx mengen net – a si erkläre wisou. Op der Sich no Argumenter komme weider Froen op: Wéi oppen si Streaming-Déngschter? Verännern si den Diskurs iwwer Film a Serien? Wéi maache Film- a Fernsehproduzent*innen antëscht hir Rechnung wann et em d’Produktioun vu neie Formater geet? Notzen Fernsehsender hir Mediathéik just als Ausried fir Nischen-Themen net mussen zur Prime-Time ze senden? An ignoréiert een als Kulturjournalist*in am beschten Filmer, déi just am Stream lafen? Liest zum Thema och dem Tessie säin Artikel „Stirbt das Kino?“ a diskutéiert mat.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...