Am Bistro mat der woxx #238 – Wéi fuere mir muer an eiser Gemeng? Kommunal Mobilitéitspolitik am Walkampf

von | 12.05.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ob eng néi Foussgänger*innen-
zon, ee Ruffbus, ee Shared Space, eng Ëmgoungsstrooss oder flächendeckend Tempo 30 an den Uertschafte – Mobilitéit ass a bal all Lëtzebuerger Gemeng ee Walkampfthema. Am Podcast schwätze mir dës Woch doriwwer, wéi sech déi verschidde Parteien an hire Kaderwalprogrammer positionéieren, dorënner och eng LSAP, déi iwwerraschend radikal fir déi douce Mobilitéit ass. Eis beschäftegt awer och d’Fro, wéi wäit déi Walprogrammer wierklech d’Meenunge vun den eenzele Kandidat*innen an de Gemengen erëmspigelen.

Link zum Artikel, iwwert dee mir schwätzen:
Kommunale Mobilitätspolitik: Verkehrswende wählen?

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...