Podcast: am Bistro mat der woxx #001

von | 08.06.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn d’Tessie Jakobs an de Joël Adami een Iwwerbléck iwwert de Contenu vun der woxx, zum Beispill den Edito iwwert déi rietspopulistesch ADR, een Iwwerbléck iwwert dat néi Déiereschutzgesetz an d’Diskussioun dozou an der Chamber oder awer och een Artikel, deen d’kolonial Amnesie vun der lëtzebuerger Geschichtsschreiwung behandelt.

D’Thema vun der Woch ass d’Insektenstierwen, dat am Kader vum Welt-Ëmweltdag elo och zu Lëtzebuerg thematiséiert gouf. Mir schwätzen ënnert anerem dorëms, wat Zen-Gäert mat doudege Béien ze dinn hunn a wat fir Mesuren ergraff ginn, fir d’Insekte besser ze schützen. Den Artikel dozou kënnt dir haut an der aktueller woxx an online liesen, dir fannt all d’Artikelen awer och vun ee Méinden un op eisem Site.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...