E Sonndeg, 4.November: Presseclub mat der woxx

von | 03.11.2018

Dëse Sonnden um 11 Auer ass och d’woxx nees am RTL-Presseclub mat dobäi. Nieft den Themen ënnendrënner schwätze mer och iwwer 30 Joer woxx!

D’Koalitiounsverhandlunge gi bis Mëtt November um Niveau vun den Aarbechtsgruppe weider – mee wat gëtt do geschwat a wéi wäert sech de Regierungsaccord agencéieren?

Wéi eng Politiker solle wéi ee Ministère iwwerhuelen an wéi positionéieren sech d'“Wahlgewënner“?

En aneren Sujet deen dës Woch dominéiert, ass d’Zukunft vun der Koalitioun an Däitschland verbonne mat där vun der Kanzlerin Merkel no de Wahlen an Hessen an d’Asylpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung …

Dorops komme mer dëse Sonndeg am RTL-Presseclub ze schwätzen … mat an der Ronn vun de Journalisten setzen:

d’Dani Schumacher vum WORT
d’Michèle Sinner aus dem LAND
de Luc Caregari vun der Woxx
an de Robert Schneider vum Tageblatt.

Dat kéint Iech och interesséieren

WOXX@HOME

Lucky Luc

Wer am vergangenen Sonntag auf dem Oekofest war, kann ihn kaum übersehen haben: unseren woxx-Stand mit Banner, Bastelaktion und Glücksrad. Die Stimmung war gut, der Andrang groß und der Kaffee, der unser Oekofest-Team mit einem Energiekick versorgte, vollmundig. Bis zum späten Nachmittag zeigte uns selbst das Wetter sein freundliches Gesicht....

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...