All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Zäitgläich mat der russescher Invasioun vun der Ukrain ware Lëtzebuerger Wandmillen net méi fernstéierbar. Dat läit dorunner, datt de Satellit, iwwert deen si eng Internetverbindung kréien, net ze erreechen ass. Mir spieren also och hei d’Auswierkunge vum Cyberkrich. Am Podcast beliichte mir d’Hannergrënn a stellen d’Fro, wéi sécher kritesch Infrastrukturen zu Lëtzebuerg sinn.
Hei fannt dir de woxx-Artikel zum Thema.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #049 – D’Klimapolitik vun der Europäescher Investitiounsbank
- Am Bistro mat der woxx #251 – De Rietsruck an Europa
- Am Bistro mat der woxx #219 – D’Repressioun géint Ëmweltaktivist*innen (net just) zu Bure
- Am Bistro mat der woxx #218 – Lëtzebuerg klëmmt aus dem ECT eraus – an elo?
- Am Bistro mat der woxx #201 – Méi Gréngs géint d’Hëtzt