Am Bistro mat der woxx #211 – Denkmalschutz an Nohaltegkeet ginn Hand an Hand

von | 30.09.2022

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Kann ee Moratorium op Oprappen an Neibaue vu Gebaier dem Klima hëllefen? Och wann et op den éischte Bléck paradox wierkt, sou ass et bei wäitem net ëmmer méi nohalteg, eppes Neies ze bauen, och wann dat Gebai eng besser Energiebilanz huet. Elo sollen och Besëtzer*inne vun alen Haiser dorobber opmierksam gemaach ginn. Wéi Nohaltegkeet an Denkmalschutz genee zesummenhänken, diskutéieren de Joël Adami an de Richard Graf an dëser Episod vun eisem Podcast.

Den Artikel op woxx.lu liesen

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d'Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #380 – Ungarn vor dem Systemwechsel?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #379 – Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zu Lëtzebuerg ass d'Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu...