All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Ob eng néi Foussgänger*innen- zon, ee Ruffbus, ee Shared Space, eng Ëmgoungsstrooss oder flächendeckend Tempo 30 an den Uertschafte – Mobilitéit ass a bal all Lëtzebuerger Gemeng ee Walkampfthema. Am Podcast schwätze mir dës Woch doriwwer, wéi sech déi verschidde Parteien an hire Kaderwalprogrammer positionéieren, dorënner och eng LSAP, déi iwwerraschend radikal fir déi douce Mobilitéit ass. Eis beschäftegt awer och d’Fro, wéi wäit déi Walprogrammer wierklech d’Meenunge vun den eenzele Kandidat*innen an de Gemengen erëmspigelen.
Link zum Artikel, iwwert dee mir schwätzen:
Kommunale Mobilitätspolitik: Verkehrswende wählen?
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #016
- Am Bistro mat der woxx #240 – Ass de gliesene Plaffong bei auslännesche Kandidat*inne gebrach?
- Am Bistro mat der woxx #239 – D’Ierwe vun Esch 2022
- Am Bistro mat der woxx #231 – Wéi wichteg ass de Lëtzebuerger Parteien d’Verkéierssécherheet?
- Am Bistro mat der woxx #195 – Den Dag vum Vëlo: Problemer a Fuerderungen