Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #12 Wéi altersfrëndlech ass d’Kulturliewen?

von | 25.01.2022

Nom Wanterschlof geet et zréck op de Canapé: Am éischten Episod vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ schwätzen d’Sarah Bergdoll, Coordinatrice générale bei der Fondation EME, an de Senior Här Hansen mam Isabel Spigarelli ënner anerem iwwert d’Magie vu der Musek an d’Wichtegkeet vu Streaming fir eeler Mënschen.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

Wéi zougänglech ass Konscht a Kultur fir Mënschen am Alter? Wéi verännert sech de kulturellen Honger mat de Joren a gëtt et sou eppes, wéi de Soundtrack vum eegene Liewen? D’Sarah Bergdoll organiséiert bei der Fondation EME ënner anerem musikalesch Veranstaltunge fir Senior*innen. Ee vu hinnen ass den Här Hansen, dee mat Mëtt achtzeg Kulturerliefnisser wéi déi vu der Fondation EME als Remède géint allerlee mental Problemer am Alter versteet souwéi als Stëtz fir Mënsche mat Demenz. Zesumme mam Isabel Spigarelli ginn d’Sarah Bergdoll an de Här Hansen op d’Sich no Ënnerscheeder a Gemeinsamkeeten tëscht de Generatiounen, schwätzen iwwert d’Greta Thunberg an diskutéieren doriwwer, wat déi wuel einfachst Alternativ zu Netflix, Spotify a Co ass.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...