A knapp zwou Woche wielt Lëtzebuerg eng nei Regierung – Zäit e Réckbléck op déi läscht Legislaturperiod ze geheien: Wéi sozial war do d’Kulturpolitik? D’Marianne David an de Luis Santiago vu Cultur’all sinn dofir op Besuch um Canapé.
Mat der Aféierung vum Kulturpass am Joer 2008 hu sozial marginaliséiert Persoune fir 1,50 Euro Zougank zu Kultur. Mä geet dat duer fir kulturell Erliefnisser ze demokratiséieren? D’Marianne David an de Luis Santiago schaffe béid säit Jore fir Cultur’all, d’ASBL, déi fir de Kulturpass zoustänneg ass. Si stinn am Kontakt mat den eenzele Partnerorganisatioune souwéi mat de Persounen, déi e Kulturpass notzen. Zesumme kucken si am Kulturpodcast vun der woxx zréck: Wat fir e Bilan kënne si zéien, wat d’Notzung vum Kulturpass ugeet an déi politesch Beméiunge fir sozial marginaliséierte Mënsche Kultur no ze bréngen? Wourunner feelt et? A wat sinn hir konkret Wënsch un déi nächst Regierung? Dëst a méi gitt Dir am neien Episod gewuer!
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #35 Kulturpolitesche Réckbléck
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #28 Kommunal Kulturpolitik
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx #40 – Can we make music tours carbon-neutral?
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #39 Um Canapé mat der Furiosa
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #38 Dem Isabel Spigarelli seng lescht Folleg