All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
De 17. Mee ass den internationalen Dag géint Homo-, Bi- an Transfeindlechkeet (IDAHOBIT). Dofir schwätzt d’Isabel Spigarelli an dëser Editioun vum Podcast och iwwert d’Rechter vun der LGBTIQA-Communautéit. Engersäits ginn d’woxx-Journalist*innen kuerz op den Editorial vun dëser Woch an, wou et ëm de sougenannte Pinkwashing geet. Dëst ass eng Praktik, bei där Firme probéiere mat der Botschaft, datt si sech fir queer Leit asetzen, Suen ze maachen. Wéi eescht deen Engagement ass, léisst sech allerdéngs a Fro stellen.
Anerersäits ginn de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli am Kader vun den EU-Wahlen op déi queer-spezifesch Aspekter vun de Wahlprogrammer an. Zesumme kucken si sech un, wéi et ëm d’Rechter vun der LGBTIQA-Communautéit an Europa steet a wat fir grouss Baustellen et do a verschiddenen EU-Länner nach gëtt a wou och d’Parlament eppes kéint drun änneren. Nieft de Wahlprogrammer werfen si awer och e Bléck op déi lëtzebuergesch Politik. Déi ass am Ranking wat LGBTIQA-Rechter ugeet, nämlech am Verglach zum Virjoer geklommen.
De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #045 – Geschlechtergerechtegkeet bei den EU-Wahlen
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #044 – Europäesch Asylpolitik an Smartwielen
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #132 – Méi Problemer wéi just gekränkte Pappe – wat et mam Gesetz zum Accès aux origines op sech huet
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #108 – Corona-Chaos an queer Geschicht
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #107 – MEGA enttäuschend