Podcast: Am Bistro mat der woxx #069 – Radikaliséierung duerch Videospiller?

von | 25.10.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De rietsextremen Attentäter vun Halle huet sech a sengem Manifest op Videospiller bezunn. Ass dat elo den endgültege Beweis dofir, datt déi sougenannt „Killerspiele“ ee schlechten Afloss sinn? D‘Saach ass net esou einfach, an doriwwer schwätzt d‘Tessie Jakobs dës Woch mam Joël Adami, deen d’Thema Radikaliséierung duerch Videospiller dës Woch zum Thema vu sengem Artikel gemaach huet, am Podcast vun der woxx.

Vill méi wichteg wéi d‘Spiller selwer sinn nämlech d‘Zeen do ronderëm an de Fait, datt vill jonk Männer sech mam Label „Gamer“ ganz staark identifizéieren. Zesumme mat engem graffen Ëmgangstoun an zynesche Witzer, déi sech dacks ironesch op rassistesch oder sexistesch Aussoe bezéien, ass et domadder relativ einfach, an dësem Ëmfeld radikaliséiert ze ginn.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

USA

USA: Trumps Nazi-Problem

In der politischen Rechten der USA wächst der Antisemitismus, vor allem in der jüngeren Generation der Republikanischen Partei. Offen antisemitische Kandidaten konnten in den republikanischen Vorwahlen gar Ergebnisse im zweistelligen Prozentbereich einfahren.