Gouf et bei den Europawalen zu Lëtzebuerg ee Rietsruck? An enger fräier Tribün analyséiert de Kris Hansen dës Fro unhand vun de Positioune vun der ADR.
Bei den Europawalen ass virun allem an eisen direkten Nopeschlänner e staarke Rietsruck ze beobachte gewiescht. Bei eis op den éischte Reflex och, well d’ADR fir déi éischte Kéier e Sëtz am europäesche Parlament krut. Den Dag no de Wale scho konnten d’Medien eis berouegen – dee Rietsruck gëtt et bei eis net, d’ADR huet just 1,72 Prozent zougeluecht, déi Konservativ a Mir d’Vollek zesummen net mol 1 Prozent an déi gemässegt riets Parteie CSV a Fokus hunn och just 1,81 Prozent respektiv 1,6 Prozent dobäigewonnen. D’LSAP huet ganzer 9,53 Prozent gewonnen, also géif et éischter e „Sozeruck“ gi wéi e Rietsruck. Déi aner Parteien um lénke Spektrum hunn alleguer verluer, dofir kann een och net vun engem Lénksruck schwätzen.
Dat maach alles stëmmen. No den Zuelen op alle Fall. Mee Politik a Gesellschaft si seelen, eigentlech ni, just Zuelen. Dofir kann een se och net just reng duerno analyséieren. Et brauch ee sech just mat der ADR ze beschäftegen, fir erauszefannen, dass et dee Rietsruck an der Lëtzebuerger Politik a Gesellschaft awer gouf.
D’ADR huet an de leschte Joren eng ganz séier Radikaliséierung erlieft. 2011 hat et eng éischte Kéier uerdentlech an der ADR geknuppt. Hir deemoleg Jugendpartei hat sech opgeléist, well si mam Aschloe vun engem rietspopulistesche Wee vun hirer Mammepartei net averstane war. Eng ganz Rei méi oder manner héich Membere sinn ausgetrueden. Virun allem nodeems de Kartheiser sech widderholl positiv zum rietsextreeme fundamentalistesch chrëschtleche Veräin „Pro Europa Christiana“ ausgedréckt huet. D’ADR huet probéiert, de Buttek zesummen ze halen an huet e puer Memberen, déi ze extreem waren, rausgeheit. Een dovun huet seng eege Partei gegrënnt, een aneren ass ënnert anerem op Maniffe vun der Pegida gaangen, déi mëttlerweil an Däitschland als erwise rietsextreem gëllt.
Duerno ass et ëm d’ADR méi roueg ginn, bis de Fred Keup an den Tom Weidig vum Wee 2050 sech fir d‘Chamberwalen 2018 der Partei ugeschloss haten. D’Erstaarke vu rietspopulistesche Parteien an der ganzer westlecher Welt hat d’ADR séier erkannt an huet lues a lues ugefaangen, deenen hir Methoden ze kopéieren. Schonn Enn 2018 schléit de Kartheiser sech op d’Säit vu „besuergten Elteren“ a bezeechent homosexuell Koppele mat Kanner indirekt als net natierlech Famillen, wat homofeindlech ass. De Meme, de Kartheiser huet Angscht viru schwule Kängurue war gebuer.

(Foto: woxx/ja)
Dat war awer nach relativ harmlos vis-à-vis vun deem, wat nach geschéie soll. 2020 ass de Gast Gibéryen, dee leschte Gemässegten deen nach eppes an der ADR ze soen hat, an déi politesch Pensioun gaangen. Säitdeem setzen d’Rietspopulist*innen an déi Rietsbausse vun der Partei um Rudder. Dat kann als déi zweet grouss Wendung an de leschte 15 Joer verstane ginn. Säitdeem jot och ee Skandal nom aneren déi Partei an hir Politiker*innen.
Besonnesch séier radikaliséiert huet sech d’Jugendpartei ADRenalin. Hire President Maksymilian Woroszylo huet sech virun de Chamberwalen 2023 mat rietsbaussen Netzwierker aus den USA vernetzt a vun do wansinneg Iddie vu Waffebesëtzliberaliséierung an Tik Tok Strategie matbruecht. De Jang Modert huet fir en däitscht rietsbausse Magasinn mat ville Verbindungen an den däitschsproochege rietsextreeme Milieu, wéi d’Identitäre Bewegung an d’AfD, geschriwwen. De Vizepresident Alex Rasquin ass reegelméisseg an enger Alpha Industries Bomberjackett ze gesinn, wat zoufällegerweis och en Neo-Nazi Dresscode ass, wéi den Online-Medium Belltower News beschreift: „In der neonazistischen Szene ist die Marke beliebt, weil das Logo dem verbotenen Zivilabzeichen der SA ähnelt. […] gehört insbesondere die „Alpha Industries“-Bomberjacke „MA-1“ zum festen Inventar innerhalb der Skinheadszene und die Firma zu einem Bestandteil diverser Nazi-Onlinekataloge.“
Dee virdrun erwäänte Member, deen op Maniffe vun der Pegida gaang ass, ass säitdeem och rëm zréck. Op Walkampfstänn hëlleft hien aktiv aus an hie feelt op kenger Foto vun ADR Eventer. Den Dan Hardy, deen no den Europawale fir de Kartheiser an d’Chamber noréckele wäert, huet e Symbol vun der Reichsbürgerbeweegung als Profilbild op engem Messenger benotzt. Eng Beweegung, déi an Däitschland als geséchert rietsextreem gëllt, a vun där en detailléiert geplangte militäresche Putschversuch verhënnert gouf. Bei de Chamberwalen huet d’ADR ee Kandidat vun der Ostlëscht auswiessele mussen, well deen op Facebook Fotoe vu sech mat Nazisymboler um Gezei hat. Bis Haut probéiert d’ADR dat kleng ze rieden.
Den Alex Penning huet an engem Radiosinterview ugekënnegt, d‘ADR kéint sech virstellen no den Europawale mam rietsextreeme Rassemblement National oder der a groussen Deeler rietsextreemer AfD zesummenzeschaffen. Ugeschloss hu si sech der ECR Fraktioun an där déi radikal Parteie PiS, Vox, d‘Schweedendemokraten oder och d’Fratelli d’Italia sinn. Kuerz no der Covidpandemie ass bekannt ginn, dass d’ADR enk Kontakter mat der mëttlerweil opgeléister rietsextreemer Civitas Beweegung hat.
De Fred Keup ass d‘Paradebeispill vum rietspopulistesche Politiker: Fakten a Wourechte sinn him „Wurscht“. Gefiller a Meenungen, déi de Stacklëtzebuerger virum Comptoir verspiert, sinn déi nei Realitéit a sou gëtt zum Beispill de Klimawandel verharmloost oder och déi naturwëssenschaftlech erwisen Net-Binaritéit vun de biologesche Geschlechter zum „Gender Gaga“ ëmgedeeft. De Keup schreckt och net zréck, am Buch Mir gi Lëtzebuerg net op zesumme mam Tom Weidig d’Eugenik als Argumentatiounsbasis ze benotze fir ze erklären, firwat déi lëtzebuergesch Sprooch ausstierwe géif. D’Eugenik war déi Pseudowëssenschaft, op där d’Nazien hir Rassenlehre opgebaut haten a woumat si d’Vernichtung vu Jüd*inne sou wéi anere Mënschegruppe beim eegene Vollek legitiméiere wollten.
Den Tom Weidig ass d’Haaptfigur vu rietsbaussen Tendenze bei der ADR. Scho säit laangem kurséiere Screenshots, déi weisen, wéi hien an de soziale Medien d’NS-Besatzung zu Lëtzebuerg verharmloost oder och wéi hien an engem Musée virun engem Wierk, dat un d’Nazidoten erënnere soll, den Hitlergruß mécht. De Weidig weess, wéi een op AfD, FPÖ an amerikanesch Republikaner Manéier Hetzkampagnen ustéisst. Dat huet hien direkt zwee Mol gemaach, fir geziilt Hetz géint eng Drag Queen, enger Bibliothéik sou wéi engem Lycée, an där si edukativ Liesunge gehalen huet, ze riichten. Dobäi gouf ganz bewosst Drag mat Transgeschlechtlechkeet vermëscht, fir trans* Leit mat unzegräifen.
Firwat hunn ech iech déi laang mee bei wäitem net komplett Oplëschtung geschriwwen? Ma ganz einfach: Dat sinn alles Saachen, déi wierklech sou geschitt sinn, déi rietspopulistesch, -baussen a souguer deelweis -extreem Tendenzen an der ADR ze erkenne loossen. Wann een aus de leschte Walen dovun ausgeet, dass d’ADR eng Wieler*innebasis vun 8-9 Prozent huet, da konnt se um Europawalsonndeg eng weider bal 4 Prozent vun de Leit erreechen. 11,76 Prozent vun de Wieler*inne gi bewosst sou enger Partei hir Stëmmen. All Mënsch kennt sou Leit, schwätzt mat deenen, deelt sech mat deenen op der Aarbecht ee Büro.
Grad d’Parteie mussen elo mam gudde Beispill fir Medien a Gesellschaft virgoen. Si dierfen sech net vun de Rietspopulist*innen dreiwe loossen. Déi aktuell CSV-DP Regierung deet sech domat zur Zäit schwéier. Si legitiméiere mat ville politeschen Decisiounen der ADR hir Narrativer, déi sech dofir souguer scho bedankt huet.
De Rietsruck ass kloer do. An den Zuele weist e sech nach net sou staark. An de Käpp ass en awer. Déi Normaliséierung vu rietspopulistesche bis -extreemen Argumenter, Narrativer, Parteien a Politiker*inne ze stoppen a réckgängeg ze maachen, gëtt schwéier. Mee elo ass et méi einfach, wéi herno, wann et villäicht schonn ze spéit ass. Et ass eng Aufgab, där mir eis als Gesellschaft zesumme stelle mussen.
Den Auteur ass Co-Spriecher vun déi jonk gréng
Das könnte Sie auch interessieren:
- Rechtsextremismus: Nicht nur in Österreich
- Am Bistro mat der woxx #259 – Wat gëtt an de Koalitiounsverhandlungen iwwer Rassismus, LGBTIQA+ a Klima geschwat?
- Am Bistro mat der woxx #258 – Wat hunn Déi Gréng mam Rietsruck ze dinn?
- ADR : S’indigner ne suffit pas
- Am Bistro mat der woxx #298 – Déi sënnlos Diskussiounen no dem Attentat vu Solingen