Am Bistro mat der woxx #321 – Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Haut schwätze mir iwwert d'Klimakris an hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi hu sech d'Temperature bei eis verännert, a wat sinn déi konkret Konsequenzen fir d'Natur an d'Aarbechtswelt? De Joël Adami erkläert, wéi...








