All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Homo- a bisexuell Männer gi beim Bluttspenden zu Lëtzebuerg nach ëmmer diskriminéiert. Allerdéngs gëtt et zanter Ufank des Jores eng nei Reegel, déi et hinnen erlaabt, Plasma ze spenden. De Joël Adami an d’Tessie Jakobs schwätzen an dëser Episod vum Podcast doriwwer, wéi déi Diskriminéierung gerechtfäerdegt gëtt a wat fir Alternativen et géife ginn. Ausserdeem diskutéieren d’woxx-Journalist*innen iwwert d’Nëtzlechkeet vun der Formuléierung „Männer, déi Sex mat Männer hunn“.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus