All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Bei der Klimabeweegung denkt een*t vläicht als éischt u jonk Leit, déi Freides op d’Strooss ginn oder sech op d’Strooss pecht. Zu Lëtzebuerg waren dës zwou Aktiounsformen zwar ni immens staark, mä trotzdeem dominéieren esou Biller den ëffentlechen Discours. Mä et ginn och ganz aner Klimaaktivist*innen, déi och mat anere Methode schaffen. Esou zum Beispill d’Klimasenior*innen, ëm déi et dës Woch am Podcast geet. Engersäits ginn et d’Klimaseniorinnen aus der Schwäiz, déi eng grouss Victoire zu Stroossbuerg virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter errongen hunn. mehr lesen / lire plus