Dir fannt hei d’Opname vun eiser Table Ronde „Politesch aktiv, 1968 a 50 Joer duerno“, déi d’woxx gemeinsam mam Radio Ara organiséiert huet. Doranner hu mir eis, wéi sou vill Leit, mam Mee 68 a sengen Nowierkunge beschäftegt. Mir wollten dobäi awer net just mat deene Leit schwätzen, déi „deemools“ dobäi waren, mä och mat Jonker, déi haut politesch aktiv sinn. Deelgeholl hunn: d’Flo Weimerskirch, d’Milena Steinmetzer (Jonk Lénk) an de Félix Bonne (Move.)
Nieft de Klischeeën, déi et iwwert d’68er*innen an déi Jonk ginn, hu mir eis mat véier groussen Themebléck beschäftegt: Mat der Fro, wéi a wisou ee politiséiert gëtt, mat der Fro vu Militanz a Radikalitéit, mat där politeschen Aktivismus ëmgesat gëtt, der Fro, wat fir Theme „deemools“ an haut wichteg sinn a mat der Zukunft vu politeschem Aktivismus zu Lëtzebuerg. mehr lesen / lire plus