Presseclub Gemengewahlen vum 15. Oktober

UPDATE: Den MP3 ass lo um RTL-Site online.

CSV gestärkt, d’Regierungsparteien geschwächt mat Datzen a villen Gemengen fir d’Gemengepäpp- a mammen, déi op Plazen regelrecht vun de Wieler de läschte Sonndeg ofgestroft goufen. Sou loosen sech d’Gemengewahlen résuméieren. Eng Woch drop maache mer namol d’Analyse an kucken, wat op nationalpoliteschem Plang offierft.

Am Presseclub kommen mer awer och op de Budgetsprojet 2018 ze schwätzen an doriwwer, wéi heimat soll d’Zukunft vum Land preparéiert ginn.

Muer diskutéieren an der Journalisteronn: d’Josée Hansen aus dem Land, de Raymond Klein vun der Woxx, de Marc Schlammes aus dem Wort an de Robert Schneider aus dem Tageblatt. mehr lesen / lire plus

Carte blanche op RTL: Et gëtt genuch Bauterrainen zu Lëtzebuerg, si sinn just an de falschen Hänn

A leschter Zäit schéngt et eng nei Dynamik an d’Diskussioun vun der Wunnraumproblematik ze ginn. Hoffentlech net just, well deemnächst nees Walen ustinn.

Joer fir Joer entstinn nei Aarbechtsplazen. Déi ginn zwar zu engem groussen Deel vun Frontalieren besat, awer och duerch Leit, déi nei op Lëtzebuerg wunne kommen. Wann donieft bei Villen de Portmonni zimlech grouss opsteet, ass et keen Paradox, datt de Präis pro Quadratmeter Wunnraum klëmmt – sief et bei Eegentum, wéi och an der Locatioun.
Dat heescht awer och, datt Leit mat manner Geld vu vir eran kéng Chancen hunn. Fir déi gëtt et jo Sozialwunnengen, gëtt eis gesot. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg 27. November: Presseclub mat der woxx

presseclub_rtlDausende Polizisten, Riichter, Journalisten an Enseignanten goufen nom Putsch an der Tierkei vum Erdogan-Regime agespaart, d’Rechtstaatslechkeet gouf an de leschte Wochen a Méint a ville Punkten a Fro gestallt. Sou geet dat net, seet d’Europaparlament an fuerdert ee Stopp vun den Bäitrëttsnegociatiounen.
Ma verléiert d’EU domadder awer net di lescht Méiglechkeet, op de President Erdogan an seng AKP anzewierken? Oder wéini ass de Punkt erreecht, op deem ee seet: Stop, sou geet et net virun.
Dat sinn nëmmen zwou vu ville Froen, deene mer e Sonndeg an eisem Presseclub wëllen nogoen. Aner Themen sinn di kontrovers Kampagne vun der LSAP, den Donald Trump an di sougenannten Affäre Lunghi. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg 16. Oktober: Presseclub mat der woxx

UPDATE: Podcast NACH NET online, sorrypresseclub_rtl

Trotz gudden ekonomeschen Chiffren deposéiert d’Regierung e Budget, deen am Zentralstaat en Defizit vu ronn enger Milliard opweises huet. Och gëtt en Emprunt geholl.
Ass dëst dee richtege Wee?
Gëtt d’Land mat deem Budget genuch op d’Defien vun der Zukunft preparéiert?
Ass d’CSV hirersaits mam designéierten Spëtzekandidat Claude Wiseler op de Wee zréck an d’Regierung preparéiert?
Nation branding an Anti-Fraihandels-Accord-Manifestatiounen …alles Sujeten op déi mer am Presseclub dës Woch ze schwätze kommen.
Inviteeën sinn de Marc Schlammes aus dem Wort,
de Richard Graf vun der Woxx
d’Michèle Sinner aus dem Land
an de Robert Schneider vum Tageblatt. mehr lesen / lire plus

Porträt: Aus dem Schuhkarton

Die neue Familienministerin ist wandlungsfähig. Corinne Cahen war Journalistin, Schuhverkäuferin, Unternehmerin und Präsidentin des Geschäftsverbandes. Was sie anpackt, nimmt sie ernst.

Übergabe der Amtsgeschäfte:
Neben dem Familienminsterium
ist Corinne Cahen auch für die Großregion zuständig. Hier mit dem ehemaligen Minister Jean-Marie Halsdorf.

Die frischgebackene Familienministerin empfängt in ihrem neuen Büro im obersten Stockwerk der Avenue Emile Reuter. Ein Raum, der noch nicht so richtig „ihrer“ ist. Denn am Ende war dann doch alles recht schnell gegangen. Verschmitzt lächelnd wie ein junges Mädchen und zugleich staatstragend in ihrem königsblauem Jackett. Obwohl ihr die Müdigkeit und Aufregung der letzten Wochen doch ein wenig anzusehen ist, strahlt Corinne Cahen und macht einen energischen Eindruck. mehr lesen / lire plus