All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Am Podcast vun dëser Woch hunn de Luc Caregari an de Richard Graf iwwer de Gesetzesprojet geschwat, deen asbl’en a Fondatiounen reegele soll. De Regierungsrot huet viru kuerzem eng Rei Amendementer ugeholl, déi leschten Dënnschden der Press virgestallt goufen. Wéieng sinn dat a wat kéinten d’Grënn sinn, dass no ville Joeren lo nees Beweegung an den Dossier rakënnt?
mehr lesen / lire plus