Europäeschen Kolonialismus: Exploration du monde


Am Nationalmusée leeft zënter e puer Wochen eng Ausstellung iwwer Portugal als Séifuerernatioun. D’Geschicht vum portugisesche Welträich ass méi komplex a schreift sech an déi vum europäesche Kolonialismus an.

João de Castro (1500-1548), Séifuerer a Vizekinnek vu Portugisesch-Indien. (Quell : WikiCommons)

„In the fifteenth century, Portugal, the country with the oldest borders in Europe, began to create a global empire that would extend its sphere of influence all the way from Africa to Asia and Brazil.“ Mat dëse Wierder gëtt déi eng Ausstellung iwwer Portugal am Nationalmusée ageleed. „Portugal: Drawing the World“ ass hiren Titel, an et handelt sech ëm eng Ausstellung, déi vum „Museu Nacional de Arte Antiga“ vu Lissabon konzipéiert an zesumme mam Lëtzebuerger Nationalmusée fir Lëtzebuerg adaptéiert gouf. An der Ausstellung sinn eng ganz Rei impressionnant Exponater aus der Zäit vum portugisesche Kolonialräich ausgestallt.

Portugal gëtt an dëser Expo nom klassesche Schema als Séifuerernatioun duergestallt, déi fir Europa eng wesentlech Roll gespillt hätt, well si dësem Kontinent de Wee an d’Welt gewisen hätt. Ee vun de Séifuerer, de Kommandant Dom João de Castro, dee Vizekinnek vu Portugisesch-
Indien gouf, gëtt dann och am Katalog vun der Ausstellung als „European hero in the true sense of the word“ beschriwwen.

Wat een net an der Ausstellung fënnt, ass eng reell Ausernanersetzung mam portugisesche Kolonialismus. Am Duden gëtt de Begrëff vum Kolonialismus folgendermoosen erkläert: „Auf Erwerb und Ausbau von Kolonien gerichtete Politik unter dem Gesichtspunkt des wirtschaftlichen, militärischen und machtpolitischen Nutzens für das Mutterland bei gleichzeitiger politischer Unterdrückung und wirtschaftlicher Ausbeutung der abhängigen Völker“. Et muss ee schonn e puer Meter an der Ausstellung goen, fir erauszefannen, datt déi portugisesch Schëffer net nëmme ronderëm gesegelt si fir d’Welt z’erfuerschen, nei geografesch Kaarten ze zeechnen an nei Handelsrouten z’entdecken, mee datt et hiert Zil wor, ënner dem Asaz vu militärescher Gewalt déi Landstreecher ze koloniséieren. Wann d’Verb „koloniséieren“ awer iwwerhaapt gebraucht gëtt, dann éischter am Sënn vun „ein Gebiet bewohnbar machen und wirtschaftlich erschließen“. Sou heescht et an enger Tafel zwar, déi portugisesch Karavellen hätten d’Inselen an d’Küstelandschaft vu West-Afrika koloniséiert, mee „promoting a genuine scientific curiosity in those far-off places, still shrouded in terrifying legends. New products as well as unknown species of plants and animals begun to flow into Lisbon“.

Beräicherung

Wuere, Planzen an Déiere sinn also, kee weess wéi et gaangen ass, op Lissabon gefloss. Och d’Roll vun der Kierch, déi sech hirersäits um koloniale System beräichert huet, gëtt éischter euphemistesch duergestallt. Sou heescht et iwwert d’Koloniséierung vu Brasilien: „The missionary role played by the Jesuits was crucial in this process, with P. António Vieira playing a leading part in the defence of the Amerindian populations.“ An deem Kontext taucht dann och de Begrëff „Sklav“ op. De Vieira, sou heescht et, wier e grousse Verteideger a Beschützer vun den Amerindianer a vun de Sklave gewiescht. De Vieira huet sech tatsächlech fir déi südamerikanesch Indianergruppen agesat, awer ëmmer ënnert der Premiss, se ze bekéieren. De Reliounshistoriker Heinz-Juergen Loth schreift: „Es gilt heute als anerkannte Tatsache, daß die Besiedlung Brasiliens mit der Jagd auf Indios und deren Versklavung begann. Vieira aber, ähnlich wie Las Casas, lehnte diese und damit die Verdinglichung des Indio ab.“ [1] Mee den Heinz-Juergen Loth schreift awer och, datt de Vieira op kee Fall dat portugisescht Recht bestridden huet, Sklaven ze kafen, déi a soi-disant gerechte Kricher gefaange geholl goufen. Hien hätt souguer selwer afrikanesch Sklave gehat. An hien hätt och kloer gesot, datt et ouni afrikanesch Sklave kee Brasilie géif ginn.

Dës Analys weist, datt d’Geschicht méi komplex ass, wéi se an der Expo „Portugal: Drawing the World“ duergestallt gëtt. Ëmsou méi bemierkenswäert schéngt et, datt grad och Leit, déi sech mat Portugal verbonne fillen, sech am Guestbook vun der Ausstellung duerchgängeg positiv äusseren. „Obrigado Portugal“ ass do de Motto, munnecher deiten un, datt se esou eng Ausstellung zu Lëtzebuerg bis elo vermësst hunn. Effektiv kënnt et net all Dag vir, datt Portugal, mat deem Lëtzebuerg duerch seng Immigratiounsgeschicht sou staark verbonnen ass, heizuland zum Sujet vun der Histoire publique gëtt. Déi positiv Reaktiounen deiten awer och op de Succès vun der portugisescher Regierungspolitik hin, déi schonn zënter Joerzéngte beméit ass, déi sougenannte „comunidades portuguesas“, also déi portugisesch Communautéiten ausserhalb vu Portugal, als Bestanddeel vun der portugisischer Natioun an hiren Discours z’integréieren. De Lëtzebuerger Historiker Thierry Hinger, deen iwwert dëst Konzept fuerscht, hält fest: „Die staatlich geförderte, national inkludierende Politik der Comunidades Portuguesas hat sich letzten Endes in der portugiesischen Öffentlichkeit in Luxemburg durchgesetzt und alternativen Auffassungen der portugiesischen Nation wenig Raum gelassen.“ [2]

An dëser Logik gëtt och de portugisesche Kolonialismus, deen nach ënnert dem Diktator Salazar net nëmme faktesch, mee och am nationalen Discours iwwert dat portugisescht Kolonialräich eng wichteg Roll gespillt huet, tabuiséiert oder ëmgedeit: als „Entdeckung“ vu frieme Länner oder, och haut nach, als Iwwerbrénge vun der Zivilisatioun un déi koloniséiert Gesellschaften. Dat ass ëmsou méi widderspréchlech, wéi d’Befreiungskricher vun dëse Gesellschaften um Ufank vun der „révolution des Œillets“ vun 1974 stoungen, op déi sech haut den demokratesche portugisesche Staat berifft. A Portugal ass dësen Tabu eréischt zënter de leschte Joerzéngten am Gaang, opgeschafft ze ginn, an dës Dekonstruktioun suscitéiert vill Widdersproch.

Den Discours vun engem frëndschaftleche Weiderexistéiere vun de Bezéiungen tëscht Portugal a sengen Ex-Kolonien, déi elo just nach duerch Sprooch a Kultur unenaner gebonne sinn, gëtt weiderhi begleet vun deem genee sou problematesche vu Portugal als Séifuerernatioun. Alle béid sinn si och e Versuch, aus engem am europäesche Verglach klenge Land e grousst ze maachen an eppes vun dem Rayonnement ze behalen, deen de Kolonialismus verschaaft hat.

Mir bréngen Iech d’Zivilisatioun: Denkmal vun den Entdeckungen zu Lissabon. (Quell: WikiCommons)

En europäesche Phänomen

Alles dat léist sech natierlech liicht soen, wann een an engem nach vill méi klenge Land lieft, deem seng historesch Entdecker a Séifuerer d’Weltgeschicht wéineg gepräägt hunn. Mee Halt, hale mer dee Spigel, deen ob den Tabu vum portugisesche Kolonialismus geriicht wor, dach och emol op Lëtzebuerg. Och zu Lëtzebuerg goufen eréischt an de leschte Joere méi elaboréiert Recherchen iwwer d’Bedeelegung vu Lëtzebuerger un de Kolonialprojetë vun eisen Nopesch-
länner geleescht goufen. Dat fällt och vläicht méi einfach, well dee spezifesch lëtzebuergeschen nationalen Discours iwwert d’Wohltate vum Kolonialismus manner entwéckelt wor. Nieft dem Régis Moes senger Aarbecht iwwer déi lëtzebuergesch Implikatioun am belsche Congo [3] sinn et och Studien zu eenzele Personnagen, déi eng Iddi vun der kolonialistescher Denkweis vermëttelen. Hei ass op eng aner Ausstellung ze verweisen, déi virun engem Joer am Natur-
musée gewise gouf, an an där d’Fotoe gewise goufen, déi den Agronom an Naturwëssenschaftler Edouard Luja am belsche Congo an a Brasilie geholl huet. Den Historiker Claude Wey huet mam Katalog zu där Ausstellung eng interessant Analys zu dëser Denkweis geliwwert, déi bis an d’1950er-Joren a ganz Europa ze fanne wor.

Hien zitéiert zum Beispill de 
Marcel Heuertz mat folgendem Saz: „Notre pays (Luxembourg) a manifesté sa vitalité scientifique en prenant part à l’exploration du globe avec des représentants tels que Nicolas Bové, en Syrie, en Égypte et en Algérie, 
Nicolas Funck, au Brésil et au 
Mexique, Guillaume Capus, en Asie, J. Linden, en Amérique du Sud, Michel 
Lucius, au Caucase et en Anatolie. Le nom d’Edouard Luja, voyageur-naturaliste en Afrique et au Brésil, vient s’ajouter à une place des plus en vue parmi cette élite intellectuelle qui a honoré notre pays dans le monde.“ [4]

Et fënnt een also dee selwechten Discours vun der Entdeckung vun der Welt a vun dem Prestige vun der kolonialer Iddi erëm, wéi se och haut déi portugisesch Duerstellunge vum Kolonialräich präägt. Awer och d’Fotoen a schrëftlech Dokumenter vum Luja weisen, wéi wäit dësen Discours vun de Colonisateure verënnerlecht gouf. Och beim Luja vermëscht sech de wëssenschaftlechen Entdeckungsgeescht mat der grondsätzlecher Ënnerstëtzung vum kolonialistesche System. De Claude Wey betount, datt dem Luja seng kolonial Carrière absolut keng Exceptioun gewiescht wier: „Entre 1880 et 1955, des centaines de citoyens luxembourgeois se décidèrent pour un avenir professionnel au Congo, colonie contrôlée par la Belgique voisine. Tout comme Luja, ces personnes venues du 
Luxembourg, petit État sans ambitions coloniales directes, devinrent ainsi des acteurs du colonialisme.“

De Claude Wey bezeechent de Luja och als Zäitzeie vun engem brutale kolonialen Ausbeutungssystem an als oppene Verteideger vun dësem System. So schreift de Luja 1913 vum Congo aus an engem Bréif un de Victor Ferrant vum Lëtzebuerger „Musée d’histoire naturelle“: „Il paraît que dans le Sud il y a eu un commencement de révolte que les troupes de l’État ont réussi à réprimer. Ici, chez moi, malgré mon nombreux personnel tout va bien et je parviens à maintenir la discipline. De temps en temps de mauvaises têtes cherchent à mettre tout en désordre, mais par une prompte et énergique intervention, tout rentre dans le calme.“ [5]

Dee klenge Verglach weist, datt zwar vläicht de System vum Kolonialismus nëmme vun eenzele Länner applizéiert gouf, mee datt awer de kolonialisteschen Discours e gesamteuropäesche wor, grad esou wéi déi rassistesch Argumenter, op déi en sech gestäipt huet, fir sech ze legitiméieren.

Dëse Bäitrag gouf den 8. Juni 2017 fir d’éischt an Audio-Form um radio 100,7 verëffentlecht.
Quellen:

[1] Loth, Heinz-Juergen: Padre António Vieira S.J. Zum dreihundertjährigen Todestag eines großen luso-brasilianischen Jesuiten, in: Brasilien Dialog, (1997) 1/2, S. 13-20.
[2] Hinger, Thierry: Die Erfindung der Comunidade Portuguesa. Zur Verbreitung eines nationalen Konzeptes in der portugiesischen Presse in Luxemburg, in: Forum, 331 (2013), S. 58–61, hier S. 60-61.
[3] Moes, Régis: Cette colonie qui nous appartient un peu. La communauté luxembourgeoise au Congo belge. 
1883-1960, Luxembourg 2012.
[4] Heuertz, Marcel: Edouard Luja. 1875-1953. In: Archives, Nouvelle série de l’Institut Grand-Ducal de Luxembourg, Section des Sciences naturelles, physiques et mathématiques, XXI (1954).
[5] Wey, Claude: Photographies 
d’Edouard Luja au Congo et au Brésil, Luxembourg 2016, S. 23.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.