Am Bistro mat der woxx #293 – Wéi verännert d’kënschtlech Intelligenz d’Aarbechtswelt?

von | 19.07.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi verännert d’kënschtlech Intelligenz d’Aarbechtswelt?  Et gëtt am Moment vill orakelt, wat den Afloss vu sougenannter Kënschtlecher Intelligenz op d’Aarbechtswelt ugeet. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wat hie bei senger Recherche zum Thema erausfonnt huet. Hien huet ënner anerem mat Gewerkschafte geschwat, déi natierlech och hir Vue zu de Probleemer a Chancë vu ChatGPT a Co. hunn. Mir schwätzen dann awer och iwwer d’Fro, wien am Fong d’Verantwortung huet, wann ee Computer eng Decisioun trëfft a wéi vill bei KI Hype a wéi vill Substanz ass.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Monde du travail : L’intelligence artificielle a besoin d’un dialogue réel

 

 


De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWS

Solidarité avec les lycéen·nes

La mobilisation lycéenne, qui secoue toute la France et la Belgique francophone depuis plus de deux semaines, trouve des soutiens au Luxembourg. L’Union nationale des étudiant·es du Luxembourg (Unel), les Jeunes de l’OGBL (OGJ) et Déi Lénk ont pris position en faveur du mouvement, qui dénonce notamment les conditions d’enseignement et le...