Eng Petitioun wëll Lëtzebuergesch „obligatoresch“ maachen. Dohannert stécht een Influencer, dee mat senger Campagne virun allem Ressentimenter fërdert.

Et gouf an deene leschte Jore vill positiv Aktiounen zum Lëtzebuergeschen, wéi dës Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. (Foto: Sultan Edijingo, CC BY-SA 4.0, via Wikimedia Commons)
„Net schonn erëm!“ denkt een sech vläicht, wann ee gesäit, datt eng Petitioun lancéiert ass, déi op schéinstem Lëtzebuergesch eng „Stäerkung vum Lëtzebuergeschen als verpflichtend ze féierend Integratiounssprooch zu Lëtzebuerg“ fuerdert. Dat richt e bëssen nom Output vun engem grousse Sproochemodell, also sougenannter „kënschtlecher Intelligenz“. D’Iwwersetzunge vum Petitiounstext an aner Sprooche klengen op alle Fall e bësse méi kohärent. Vun de véier Fuerderungen, déi gestallt ginn, sinn der dräi scho Saachen, déi dës Regierung, wéi och déi viregt, scho probéiert ëmzesetzen. Bleift also nach de Ruff no der Aféierung vun enger Flicht fir Lëtzebuergesch ze schwätzen a bestëmmte Beruffer.
An d’Liewe geruff gouf d’Petitioun vum ADR-Member David Delvaux, deen als Influencer op de sozialen Netzwierker als „Dave Delvaux Direkt“ ënnerwee ass. Hie verëffentlecht virun allem kuerz Videoen, wou hien iwwer Opreeger-Theme schwätzt. Dat dacks virun engem KI-generéierten Hannergrond an ëmmer mat engem Virschaubild, dat an typescher Clickbait-Manéier fir méiglechst vill Views suerge soll. Den Inhalt besteet virun allem aus Sloganen, garnéiert mat e puer aus dem Zesummenhang gerappte Fakten. Deen ee Moment schwätzt hien iwwer seng Petitioun, dann iwwer Schätzungen, wéi vill Aarbechtsplaze sougenannt KI ersetze kéint. Wat huet de weltwäite Jobverloscht duerch KI mam Lëtzebuergeschen ze dinn? Egal, sou laang den Influencer iergendwéi suggeréiere kann, d’Frontaliere hätte gefällegst Lëtzebuergesch ze schwätzen.
Genee wéi scho virun iwwer engem Joerzéngt, wou déi haiteg Deputéiert Keup a Weidig mat hirem Veräin „Nee 2015“ de Referendum zum Awunner*innewalrecht an eng Sproochendebatt verwandelt haten, gëtt ee wichtege Fakt absichtlech vergiess: Lëtzebuerg huet dräi gläichberechtegt Amtssproochen. Wien heihinner immigréiert, fir hei ze schaffen, léiert a ville Fäll wuel als éischt Franséisch oder Däitsch, well een domadder net just ee Croissant beim Bäcker kritt, mä och seng Steiererklärung maache kann. Wien als Frontalier heihinner schaffe kënnt, ka meeschtens schonn eng vun eisen dräi Sproochen.
Mat enger Flicht, Lëtzebuergesch ze léieren, sollen Auslänner*innen a Frontaliere bestrooft an erniddregt ginn
An trotzdeem sinn d’Sprooche-coursen iwwerfëllt, Offere wéi „Léier Lëtzebuergesch Online“ hu grousse Succès. Et ass am leschte Joerzéngt och villes geschitt, wat positiv ass: Nieft den Aktioune vum Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch ginn et och vill Kreativer, déi Konscht op Lëtzebuergesch produzéieren. An esou vill Problemer wéi se och schafen: Déi modern Kommunikatiounsmëttelen a Social Media hunn dofir gesuergt, datt esou vill op Lëtzebuergesch kommunizéiert gëtt wéi nach ni – wann och leider zu engem groussen Deel an enger grujeleger Orthografie.
Dat alles kënnt an der Debatt awer net vir. Mat Slogane wéi „Lëtzebuergesch muss erëm Prioritéit ginn“ gëtt de Géigendeel suggeréiert. Aus Anekdote gëtt e Bedrohungszenario opgebaut. An dogéint wiert sech dann op KI-generéierte Biller een imaginäert „Vollek“ vu Mënschemassen a ganz ville rout-wäiss-bloe Fändelen.
Ëmmer erëm bezitt sech den Influencer Delvaux a senge Posts op d’„Vollek“, a suggeréiert domadder, et géif nëmmen eng Zort vu „richtege“ Lëtzebuerger*inne ginn: Déi, deenen hir Éischtsprooch Lëtzebuergesch ass. All déi aner, ob se d’Nationalitéit hunn, hei wunnen oder „just“ hei schaffen – si sollen sech upassen. Mat enger Flicht, Lëtzebuergesch ze léieren, sollen si bestrooft an erniddregt ginn. Den Debat gëtt genee esou gefouert wéi virun engem Joerzéngt. An och wann een als kritesch*e Journalist*in d’Gefill huet, sech zanterhir ëmmer erëm ze widderhuelen: Dat ass keng „harmlos“ Léift zur eegener Sprooch, mä eng nationalistesch, exkludéierend Tendenz.
Lëtzebuerg sollt seng Dräisproochegkeet héichhalen an net an d’Fal vum monolingualen Habitus tappen, deen an esou ville Länner fir Problemer suergt. A jo, dozou gehéiert och, d’Lëtzebuergescht ze fërderen an auszebauen – mä net exklusiv.

