All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Haut um Freiden ass den Asyl- a Migratiounspakt vun der EU a Kraaft getrueden. Esou just nach mat Zäit goufen déi entspriechend Gesetzer an der Chamber gestëmmt. Op Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen, kommen domadder eng ganz Rëtsch Nodeeler duer, obwuel et och e puer punktuell Verbesserunge gëtt. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui wat sech konkret ännert, wisou et vill Onsécherheete gëtt a wisou méi séier Asylprozeduren net méi Fairness fir d’Asyldemandeure bedeit.
D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Pacte sur la migration et l’asile : Coups d’avance & EU-Migrationspakt tritt in Kraft: Wettlauf der Schäbigkeiten
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

