Am Bistro mat der woxx #391 – Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung?

von | 03.07.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d’Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d’Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d’Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet relativ gutt: Obwuel vill Industrienatiounen hir Gelder gestrach hunn, wëll de Grand-Duché weiderhi vill Sue fir d’Klimafinanzéierung an de Grapp huelen. Mëttlerweil ass dann och gekläert, wat mam Prinzip vun der Zousätzlechkeet geschitt. Am Podcast erkläre mir, wisou dat awer alles net esou grandios ass, wéi d’Regierung et verkeeft a wéi vill Klimaschold Lëtzebuerg wierklech hätt.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Internationale Klimafinanzierung: Auf gleicher Schiene

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...