Podcast: am Bistro mat der woxx #006

von | 13.07.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs iwwert d’Reaktiounen op de Kulturentwécklungsplang, dat néit Gesetz, datt d’Prozedur fir d’Ännerung vum Numm a Geschlecht um Pabeier fir trans an intergeschlechtlech Persoune méi einfach sollt maachen. Dëst soll elo awer nach dës Legislaturperiod an d’Chamber kommen.

Ausserdeem geet riets iwwert den Edito zur Sproochendebat an zur Kritik vum Méco zur Landesplanung. Och eis Reportage iwwert d’Chemiewaffen aus dem 1. Weltkrich, déi ëmmer nach a Flandern ze fannen sinn, kënnt zur Sprooch, genee esou wéi dem Roy Reding seng Bréifkëschtefirma op de Seychellen. D’Thema vun der Woch ass dann de Revis, wou mir iwwert déi gréissten Ënnerscheeder zum RMG an iwwert déi gréisste Kritikpunkten – ënnert anerem den Terme vun der Aktivatioun – schwätzen.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...