Am Bistro mat der woxx #255 – Seelbunn, Hyperloop oder dach einfach de Vëlo? Mobilitéitspolitik an de Walprogrammer

von | 22.09.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Wale komme méi no, mä wéi komme mir no de Wale virun? Dës Woch huet sech de Joël Adami d’Virschléi an der Mobilitéitspolitik an de Walprogrammer ugekuckt. Do gouf et e puer positiv an awer och e puer negativ Iwwerraschungen. Wärend déi eng Parteie gutt Virschléi fir eng aktiv Mobilitéit an ee gudden ëffentlechen Transport maachen, versichen anerer ee Kulturkampf ronderëm den Auto ze organiséieren. Mä wéi realistesch ass dat, datt een ëmmer de Choix huet tëscht Tram an Auto? A wa mir scho beim Thema Realismus sinn: E puer ganz besonnesch kreativ Virschléi, wéi ee mam Transportproblem zu Lëtzebuerg kéint ëmgoen, waren  natierlech och an de Walprogrammer verstoppt. ​

 

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Mobilität in den Wahlprogrammen: Verkehrswende gegen Verbrennerfetisch

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #390 – KI an Aarbecht

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. "KI geet d'Aarbechtswelt revolutionéieren" heescht et dacks wenn et um déi Diskussioun um d'Auswierkunge vu KI op eis Liewe geit. Och de Premier Luc Frieden beschreift Lëtzebuerg als eng Land déi "Pro-Tech" an "Pro-KI" ass. Mee wéi gesäit dat Ganzt wierklech...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #388 – Blutspende: Anhaltende Diskriminierung

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Erst im Mai hat das Luxemburger Rote Kreuz erneut Alarm geschlagen wegen niedriger Blutreserven – und das, obwohl potenzielle Spender hierzulande nach wie vor diskriminiert werden. Schwule und bisexuelle Männer müssen nämlich seither 12 Monate zölibatär leben,...