PODCAST
PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #028 – D’Resultater vun der Klimakonferenz

An där leschter Episod vu „Am Bistro mat der woxx“ an dësem Joer ass d'Thema d‘Klimakonferenz COP24 zu Katowice a Polen. Donieft schwätze mir awer och iwwert demokratesch Matbestëmmung vun Auslänner*innen, de Feminismus an de néien Numm vum Chancëgläichheetsministère, iwwert plakeg Leit am Internet a Filteren, déi géint se agesat ginn an...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #027 – Gratis ëffentlechen Transport

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch kucken de Luc Caregari an de Joël Adami sech eng Mesure aus dem Koalitiounsaccord un, déi fir vill Opreegung gesuergt huet: de gratis ëffentlechen Transport. Wat ass dovunner ze halen, datt de Premier Xavier...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #026 – De neie Koalitiounsaccord

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch analyséiere Luc Caregari a Fréderic Braun an eisem Podcast den neie Koalitiounsaccord vun der Regierung tëscht DP, LSAP an Déi Gréng. Wat waren déi gréissten Iwwerraschungen, wat war ze erwaarden?...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #025 – Geschlechtsspezifesch Gewalt

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Thema vun der Woch ass d‘geschlechtsspezifesch Gewalt. D‘Orange Week, déi jo iwwert Gewalt géint Fraen opkläre wëll, huet bei munche fir Opreegung gesuergt, well si der Meenung sinn, datt Männer méi vu Gewalt...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #023 – D’EU-Plastikverbued

Wéi all Woch bidd d'woxx iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Nieft engem Iwwerbléck iwwert woxx vun dëser Woch schwätzen De Luc Caregari an de Joël Adami dës Woch iwwert de Problem vun der Plastikverschmotzung, virun allem an de Mierer. Diskutéiert gëtt d'EU-Verbuet vum...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #022 – 30 Joer woxx

All Woch bitt d'woxx een Abléck an hir journalistesch Aarbecht an gëtt een Iwwerbléck doriwwer, wat si dës Woch besonnesch beschäftegt huet. Dës Woch stinn d‘Kampagne „Réfléchissez“, d‘Diskriminéierung vu behënnerte Mënschen, d‘Novemberrevolutioun, ökologesch Autoen an den Ausgang vun den US-amerikaneschen Midterm-Wahlen um Menü. D'Thema vun...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #020 – D’Analys vun de Wahlresultater

An dëser Spezial-Editioun vun "Am Bistro mat der woxx" analyséiert d'Redaktioun vun der woxx d'Walresultater vum leschte Sonnden. Am Studio waren de Joël Adami, de Fréderic Braun, de Luc Caregari, de Richard Grad, d'Tessie Jakobs an de Raymond Klein. Si schwätzen iwwer déi gréissten Iwweraschunge vum Wahlowend. Wisou hunn déi Gréng...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #019 – Den IPCC an d’Klimapolitik

All Woch zielt d'woxx-Redaktioun an hirem Podcast, wat se dës Woch online an am print beschäftegt huet. Dat waren zu engem groussen Deel natierlech d‘Wale vun dësem Sonnden, eng Fake-Ëmfro, mä awer och ee weideren Extrait aus de Panama-Papers an d’Klimapolitik, déi eist Thema vun der Woch ass. De Joël Adami an de Raymond Klein diskutéieren...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #017

Wéi all Woch bitt d'woxx iech och haut een Abléck an déi aktuell Nummer. Nieft engem Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Theme vum Heft, dem Edito iwwert Fro, ob ee mat Green Finance d'Klima ka retten oder léiwer eng méi systemesch Perspektiv sollt anhuelen, dem Mount vun den Aweiungen, wärend dem d'Regierungsmembre bal all Dag eppes ageweit oder...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #016

All Woch präsentéiert d'woxx an der Emissioun Am Bistro mat der woxx een Réckbléck op déi läscht Woch an een Abléck an déi aktuell woxx. De Joël Adami an de Richard Graf schwätzen dës Woch iwwert d'Vëlospolitik zu Lëtzebuerg. Si schwätzen net nëmmen doriwwer, wéi d'woxx op de Cover komm ass, op deem quasi-paradisesch Zoustänn fir...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #015

Wéi all Woch bitt d'Wochenzeitung woxx iech an hirem Podcast Am Bistro mat der woxx ee Wocheréckbléck an een Abléck an déi aktuell Woch. De Joël Adami an de Raymond Klein schwätzen iwwert Mikroplastik, den Auditoire vun der Villa Louvigny an d'Lag vun der Europäescher Unioun. D'Luxembourg Space Agency ass eist d'Thema vun der Woch. Dës Woch...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #014

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen dës Woch iwwert de Bilan vum Nohaltegkeetsministère MDDI, deen net esou positiv ausfält, wéi dat déi gréng Minister*innen...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #013 – 31.8.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen iwwer den Edito zu Diskussiounveranstaltunge vum Zentrum fir politesch Bildung, iwwer d'Neieentdeckung vun der Kulturpolitik vun...