Zréck op d’Couch: D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli hunn déi nei Netflix-Serie „Love on the Spectrum“ gekuckt – eng Dating-Serie iwwert queer an heterosexuell Mënschen um Autismus-Spektrum. Wisou ze vill Räpse voyeuristesch ass a Bezuchspersounen heiansdo alles richteg machen.
Mënsche kenneléieren, sech verléiwen, Bezéiungen opbauen: Dat ass net ëmmer einfach – virun allem net, wann een um Autismus-Spektrum ass. Déi nei Netflix-Serie „Love on the Spectrum“ begleet eng Réi
jonk queer a heterosexuell Betraffener bei hirer Sich no enger Bezéiungs-Persoun. D’Tessie Jakobs huet d’Serie an enger Rezensioun analyséiert (woxx 1592) – lo diskutéiert et mam Isabel Spigarelli iwwert d’Gradwanderung tëscht Siichtbarkeet a Voyeurismus; wéi representativ d’Kandidat*innen an der Serie sinn an zu gudder Lescht wat hir Bezuchspersoune richteg machen.
Iwwregens: D’Isabel Spigarelli huet net ze vill gefeiert an et war och motivéiert fir dee Podcast – d’Technik ass Schold un der verzerrter Stëmmlag.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Kulturpodcast – Um Canapé mat der woxx: #22 Queer Little Lies
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #21 Inclusioun: (K)een Thema? Grenzen, los!
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #16 Sex um Canapé
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #15 Méi wéi Melodien
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #5 Ënner dem Reebou