Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #5 Ënner dem Reebou

von | 15.06.2021

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech: DSandy Artuso, ënner anerem aktiv beim Theaterkollektiv Independent Little Lies, an d’ Isabel Spigarelli vun der woxx laachen iwwert queer Guilty Pleasures a schwätzen iwwert LGBTIQA+ Mënsche souwéi hir Geschicht(en) an der Kultur.

Copyright: Isabel Spigarelli

Et gëtt eng lesbesch Princess Charming, Romaner vu schwule Männer mat Flucht-Hannergrond ginn iwwersat a Schauspiller*innen outen sech ëffentlech: D’ Representatioun vu LGBTIQA+ Mënschen an der Kultur ass villsäiteg, wann och net ëmmer onproblematesch. D’Sandy Artuso, queer-feministesch Literaturwëssenschaftlerin a ënner anerem beim Theaterkollektiv Independent Little Lies aktiv, hëlt mam Isabel Spigarelli vun der woxx ausernee wisou Trash net ëmmer an d’Poubelle gehéiert, wien alles Nohëllef a Saache LGBTIQA+ Geschicht néideg huet an wéi wäit de „Coming-Out“ éischter ee „Inviting In“ ass.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...