All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.
Dës Woch schwätzen de Frédéric Braun an d’Tessie Jakobs iwwert déi jüddesch Geflüchtet Ruth Troeller, déi dëst Joer hieren 100. Gebuertsdag feiert, iwwert d‘Mediepolitik zu Lëtzebuerg, iwwert de Gratis-Transport fir Schüler*innen an den MeYouZik-Festival, deen den 14. a 15. August op der Place d’Armes stattfënnt.
D’Thema vun der Woch ass dës Kéier Sexualerzéiung zu Lëtzebuerg. Mir schwätzen iwwer en Interview, deen d’Tessie Jakobs zu deem Thema mam Isabel Scott vum Cesas gefouert huet. Hei ass et ënner anerem dorëm gaang, wéienge Standarde Sexualerzéiung idealerweis entsprieche sollt, wéiee Rôle ënnerschiddlech Acteuren dobäi spillen a wouran d’Aufgabe vun däer nach relativ jonker Struktur, dem Cesas, bestinn.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #273 – Wéi nohalteg muss Kultur sinn?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #166 – Agenda-Revolutioun bei der woxx
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #161 – Lëtzebuerger Kultur op der Weltausstellung zu Dubai
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #134 – Diversitéit an der Lëtzebuerger Theaterlandschaft
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #111 – Wéi léisst sech ee Film rezenséieren, dee kee ass?