All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Och wärend dem Confiment hunn d‘Jugendhaiser zu Lëtzebuerg weider funktionéiert. Dat allerdéngs net wéi normal als Struktur, wou d‘Jugendlecher kënnen hikommen, mä eben digital. Obwuel d‘Schoulen erëm op sinn, bleiwen d‘Jugendhaiser am Moment nach zou. De Joël Adami an d‘Tessie Jakobs schwätzen haut am Podcast doriwwer, wéi déi oppe Jugendstrukturen digital mat hire Jugendlecher a Kontakt bliwwe sinn, wat fir Aktivitéiten si ugebueden hunn a wéi et deene Jugendlecher ergeet, déi einfach just eng Persoun brauchen, mat där si iwwert hir Problemer schwätze kënnen.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #099 – Zeréck an de Büro, zeréck bei d’Problemer vun der Aarbechtswelt
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #116 – Wie hängen Lebensmittelproduktion und Pandemien zusammen?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #108 – Corona-Chaos an queer Geschicht
- Loi Covid : La CCDH regrette sa mise à l’écart
- Corona-Krise: Auf den Zahn fühlen statt Fieber messen