Huet d’Regierung déi richteg Decisiounen zur richteger Zäit an dëser 2. Corona-Well geholl?
Am Presseclub vun e Sonndeg geet Rieds iwwer d’Mesuren déi d’Regierung bis ewell geholl – an net geholl huet, iwwer d’Konsequenzen vun der Pandemie op d’ëffentlecht Liewen a wéi eis Gesellschaft sech doduerch verännert. Debattéiert gëtt awer iwwer d’Krisen-Kommunikatioun vun der Regierung.
Invitéen sinn: d’Dany Schumacher vum Wort, de Robert Schneider vum Tageblatt an de Richard Graf vun der Woxx.
RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus