Wantergeschicht: Et war emol … e Wiesen …

D’Sandy Heep an de Cosimo Suglia entféieren eis mat hirer Geschicht zur Wanterzäit an de Bësch: Hei mécht sech e Wiesen op d’Rees an d’Ongewëssheet a gewënnt dobäi nei Erkenntnisser iwwer sech an d’Welt.

Aus dem Bësch eraus an d’Stad: Do leeft der Sandy Heep an dem Cosimo Suglia hiert Wiesen. (COPYRIGHT: Pexel/Luke Miller)

D’Wiese war gefaangen. Nujee jiddereen deen sech elo e Prisong virstellt, oder e Käfeg aus decke metallene Staangen, wou net mol méi eng Maische Plaz huet fir duerch, dee läit falsch.

Dëst Wiesen huet dobausse gelieft.

Ee grousse Bësch war säi Liewensraum. Hei waren d’Beem esou héich an esou dicht, dass ënnen um Buedem kaum méi Luucht war. Alles wat hei gewuess ass, war kleng a krappeg. Wann een eropgekuckt huet, huet een ëmmer just d’Neel vun de Fiichten, oder och grouss impressionant Blieder gesinn. Mat e bëssi Chance koum engem e Liichtstral entgéint, an an dësem hunn d’Wiesen sech all gesonnt. Déi kléng, an awer och eist Wiesen.

Well den Himmel also ëmmer däischter war, hunn sech vill vun de Bëschbewunner ugewinnt an de Bamspëtzten ze liewen. Wee klamme konnt, huet wäit uewe gelieft, mee eist Wiese konnt dat net. Et huet et oft probéiert, mee et ass ëmmer rëm un de Schuele vun de Beem ofgerutscht. Eist Wiesen ass Deel vum Buedem bliwwen, eleng an an der Däischtert.

Näischt war em gegonnt.

Awer de Bësch, dee pëspert. De Bësch ass seele roueg, dat weess jiddereen deen hei lieft. E schwätzt a braddelt, an hält déck, an dowéinst wosst och bal jidderee vun de Rumeuren, déi sech verbreet hunn, wéi Niwwel um Fouss vu Bierger. Mir soen „Rumeuren” op dëser Plaz, well se dat bis elo waren. Och eist Wiese wosst, dass gären a vill ënner de Beem gepëspert gëtt. Ëmmer an der Hoffnung dem Alldag kënnen ze entgoen, och wann et just fir ee kuerzen onscheinbare Moment sollt sinn. An esou koum et, dass och eist Wiesen, wat soss dem ganze Gebraddels keng Opmierksamkeet géif schenken, op eemol nogelauschtert huet.

„Dohannen, do wou kee Bam méi steet, wou d’Welt ophält, ass eng Stad, wéi keng aner,” sot de Bësch.

„Sich a fann, iergendwou, do am Hannerland,” fuerdert de Bësch.

„Maach dech net lächerlech,” laacht de Bësch.

Méi gouf net gesot. Et huet awer och net méi gebraucht, fir dass eist Wiesen, dat no esou kuerzer Zäit hei um Pabeier, fir ons scho bal ee Kolleeg ginn ass, sech net méi konnt konzentréieren. Et war, wéi wann d’Stëmmen et géifen entféieren.

Wann et mueres an der Däischtert erwächt ass, sech lues vum Buedem gehuewen huet, huet säin éischte Gedanken dem Mysterium gegëllt. An wann et owes, nach éier déi leschte Glous a senger Feierplaz verläscht ass, an et all Grond fir am Bësch kënnen ze bléiwe gesicht huet, huet et virun sech gepëspert. „Ech muss am Bësch bléiwen”, sot et sech, bis d’Spréch a senger Kopp un der Haut vu sengem Gesiicht gezunn hunn, a géint d’Gehierfruucht a sengem Kapp gebléit hunn.

Esou koum et dann och, dass d’Wiesen sech iergendwann selwer net méi konnt héieren. Enges spéide Mueren ass eise Kolleeg opgestanen an huet sech op de Wee gemaach. Wouhin war no der Rumeur net wierklech gewosst, also ass et sengem Bauchgefill nogaangen.

Dëst Gefill huet d’Wiesen ëmmer weider an den Oste gedriwwen. Et war eng Iddi, de Gedanken an d’Hoffnung vläicht eppes Anescht ze gesinn, wéi nëmmen den Alldag am Gemauschels vum Bësch. Hei konnt et nämlech keng Rou fannen. Et ass getrëppelt bis et däischter war, iwwer Moos a Blieder, iwwer Steng a Gestrëpps an duerch Baachen. Ouni ze laachen, ass et ëmmer weider,

weider,
weider,
weider,

weidergaangen a wann et eng Paus ageluecht huet, da just well et ze däischter war fir och nëmmen déi eege Patte virun Aen ze gesinn, oder well et dach awer mol eppes iesse huet missen.

De Gedanken „Fort, Raus” war wéi ee Virus: Waren déi Wierder mol bis an de Gedanken am Kapp, dann hunn si sech festgebass, wéi eng Zeck. Et spiert een se net. Nee, déi Zeck sëtzt fest a léisst sech all Zäit, fir sech d’Panz gutt voll mat frëschem Blutt ze schloen. Mee iergendwann kënnt de Moment, wou deen, dee gebass a vun dësem klénge Parasit ausgenotzt gëtt, sech iwwer de Kapp fiert.

E fiert sech iwwer de Kapp a spiert, dass do eppes ass, wat net dohigehéiert. Obwuel e weess, dass do eppes ass, wat net dohipasst, weess en net, dass et eng Zeck ass. E kann se och net eraushuelen; e gesäit se guer net. Domadder muss en da liewen, well si lass ze ginn ass keng Optioun, si ze ignoréieren awer nach vill manner – an dat bléift hänken.

„Fort,Raus”, dat ass d’Zeck, déi um Wiese gesuckelt huet.

An esou si vill Deeg vergaangen; vill Deeg bei deenen eist Wiese just un dat eent konnt denken. Ëmmer weider Richtung Osten. „Fort, Raus”. Et huet net méi ëm sech gekuckt; et huet näischt méi vu senger Ëmwelt matkrut. Et huet net gesinn, dass net wäit fort vun em, ënne beim Pull Waasser, eng Famill vu Villercher souz, déi grad um Buede war. Et hat net gesinn, dass et a senger leschter Rietskéier laanscht ee Bam gaangen ass, wéi keen aneren. De Bam, en Aprikosebam, war immens kléng, am Verglach zu deenen, déi eist Wiese kannt huet.

Eist Wiesen huet nach vill aner Saachen net gesinn, well et ëmmer weider gezunn ass. A well et net opgepasst huet, ëmmer weidergetrëppelt ass, ass em net opgefall, dass alles sech esou lues verännert huet. Näischt war esou wéi a sengem Bësch, alles war méi kleng, et war krappeg. Sou koum et, dass eise Frënd, eist Wiesen, no 24 Deeg op eemol stoe bliwwen ass. Et konnt net faassen, guer net gleewen, wat et hei gesinn huet.

Alles war gro a voll mat Bläi, a sengem Bësch war et däitlech méi fräi. Riseg metalle Kiewerleken, hunn sech tëschent Haiser a Gebaier duerchgedréckt. Keng Persoun a keen Déier huet virun em gezéckt. Do war eist Wiesen, wéi verluer a keen huet sech ëm et gekëmmert, frësch heihin war et dach geplënnert!

D’Wiese war net sécher, elo wou et wéi all déi aner war, ob et déi richteg Entscheedung geholl hat.

„Sief net esou verbruet”, sot em en eeleren Här, deen a sengem Kär schonn däitlech vill Wonne gedroen huet.

D’Wiesen huet den Här dofir gelueft, wat hien iwwerrascht huet – wéi wann d’Kompliment him duuss iwwer de Kapp geheemelt hätt. Den Här huet sech gewonnert, war souguer richteg verwonnert, firwat een him an dëser Groussstad e Kompliment géif maachen.

„Wou kënns du dann hir, du Wiesen?”, huet den Här gefrot, manner aggressiv wéi nach virdrun. „Sief dach net esou fies mat dir”, huet hien sech héiere soen.

„Vu Wäitem hier, mäi léiwen Här”, huet d’Wiese geäntwert a lues a lues den Drang vum Liewe gespuert.

Dat war nei, soss huet den Drang nom Iwwerliewen iwwerhand geholl. Hat et sech fréier bal goegelooss, war ëmmer op dee verlooss, soss wär et mat der Däischtert vum Bësch eent ginn.

„Bass du eleng ënnerwee, mäi Frënd op e puer Been?”, huet den Här gefrot.

„Nawell, mee ech weess selwer net, wat ech wëll.”

„Wéi wier et mat engem Kaffi?”

D’Wiese war sech elo sécher: Et géif sech besser hei fillen, wéi an de Bëscher!

„Ech war esou, wéi s du”, sot den Här.

(COPYRIGHT: Nitin Arya/Pexels)

Seng Wunneng war voll mat Steng. „Kristaller” hat hien se genannt. Fir d’Wiesen huet dat keen Ënnerscheed gemaach, well et wousst net, wat dat eent vun deem aneren ënnerscheede géif. An awer huet dem Wiesen dat mat de Kristaller gefall: D’Faarwe ware voll a prall, net gro oder schwaarz, well dat hat d’Wiese gefaart.

„Ech hunn um Land gelieft, mä missen an d’Stad kommen”, huet den Här verroden.

„Hutt Dir och Stëmmen héieren?” D’Wiesen huet eng Schlupp vun der Taass Kaffi geholl, an et wousst nach net genau, ob et sech sollt trauen ze soen, dass deen em schmaacht. Et huet d’Taass zeréck op den Dësch gestallt.

Den Här huet dobäi geschmunzelt.

„Dat kéint een esou soen”, huet hie geäntwert. „Iergendwann gëtt et ze vill; mee dat spillt ee mat, dat éiwegt Spill. Leider.”

„Gefällt et Iech an der Stad?”, huet d’Wiese gefrot.

Den Här huet sech no hannen an de Stull geluecht, nogeduecht, a senger Wull vu Gedanke gesicht, ass hei an do un d’Schwanke komm, an huet geäntwert: „Villäicht.”

D’Wiesen huet seng Taass eidel gedronk.

„Weess du, Kolleeg, heiansdo kann een net erkläre, wat een dozou beweegt. Ech liewe schonn esou laang an der Stad. Hunn hei de gréissten Deel vu mengem Liewe gemaach. Sief dat op der Schaff, mat der Famill oder allgemeng an all sozialem Spill. Iergendwann freet een sech net méi, op engem eppes gefält oder net, well et eppes mat eisem Häerz mécht. Mir passen eis un, denken einfach net drun, an da leeft engem d’Zäit dervun.”

„Dat kennen ech allzegutt”, sot d’Wiesen.

„Mee du hues mir grad gewisen, dass een sech ännere kann.”

„Wéi dat dann?”

„Du, Wiesen, esou kléng wéi s de waars, hues d’Däischtert an d’Stëmme vum Bësch gefaart; du hues et gepackt, dech lasszerappen, vun deenen onsiichtbare Patten. Hues dech getraut, deng Angscht an där verstaut, a bass bis heihinner gereest.” Den Här huet seng Äerm gekräizt. „An dat, mäin neie Frënd, ass e Meritt, deen ee bei ville Leit net fënnt.”

Dem Wiesen säin Häerz huet geklappt, u senger Broscht gerappt, awer net wéi soss, wéinst Verloscht: Nee, et war d’Frëndlechkeet an de Fridden, déi sech a sengem Häerz niddergelooss hunn an éier et weidergeschwat huet, huet et op d’Kristaller gekuckt.

„Wëll Der mech besiche kommen? An de Bësch, mengen ech?”, huet et den Här gefrot.

„Dat géif mir Freed maachen”, sot den Här mat engem breede Laachen.

„Ech mierken elo den Ënnerscheed”, sot d’Wiesen dunn.

„Tëschent?”, huet den Här gefrot.

„Tëschent Steng a Kristaller.”

D’Germanistin Sandy Heep an den Doktorant an der Literatur Cosimo Suglia hunn d’lescht Joer de Fanzine „Aner Welten“ zur Promotioun vu spekulativer Fiktioun zu Lëtzebuerg gegrënnt. Fir d’woxx hunn si d’lescht Joer d’Geschicht „Hypokrit” geschriwwen; dëst Joer hunn si sech am Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx” (Episod 29) mat der Isabel Spigarelli iwwer „Queer Literatur aus Lëtzebuerg” ënnerhalen.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.