Fréier kruut ee bei de Scoute Badgen, haut däerf een sech e Pin uspéngelen, wann ee Lëtzebuergesch kann. Mat hirer neiester Campagne schléit d’Asti eng gelunge Richtung an.
Gutt gemengt ass de Géigendeel vu gutt. Dës Riedensaart passt op déi nei Astis-Campagne wéi d’Fauscht op d’Aa. Ennert dem Motto „Ech schwätzen och Lëtzebuergesch“ wëllt d’Auslännerorganisatioun d’Leit dozou incitéieren, Lëtzebuergesch als Kommunikatiounssprooch ze benotzen. Duerfir huet si dëser Deeg en Toutes-Boî tes verdeele gelooss mat engem Übungsbuch, enger CD an engem Pin. Eng deier Geschicht, an et däerf ee sech froen, wat se bréngt.
D’Buch ass nämlech net gemaach fir déi Leit, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren, mä bitt haaptsächlech Exercice fir déi, déi et scho gutt kënnen. Dat ass net nei, esou Bicher gëtt et der schonn eng jett. Wéi sënnvoll ass et allerdéngs, wa Leit solle léieren, wéi ee beim Dokter Lëtzebuergesch schwätzt? Wär et net vill méi wichteg, wann de Staat a flächendeckend Lëtzebuergesch-Coursen fir friemsproocheg Dokteschen an Dokteren a fir d’Klinikspersonal géif investéieren? D’Gesondheet ass ee vun deene Beräicher, wou et fir Leit, déi als Mammesprooch Lëtzebuergesch schwätzen, tatsächlech mat der Kommunikatioun net sou einfach ass – a wou et awer wichteg wier, ze verstoen a verstanen ze ginn.
Doniewt kréien d’Leit op Franséisch déi onvermeidlech „Lëtzebuerger Traditiounen“ erkläert: D’Sprangprozessioun, d’Oktav an den Hämmelsmarsch – d’Letzebuerger Wiesen op dat Wesentlecht reduzéiert, quoi.
Wierklech penibel awer ass d’Iddi mam Pin. Do steet nämlech drop: „Ech schwätzen och Lëtzebuergesch.“ Net nëmmen, datt dat fatal erënnert un déi nationalistesch Campagne „Hei duerft der Lëtzebuergesch schwätzen“, déi virun e puer Joer am Eenzelhandel gelaf ass. Mä et muss ee sech emol virstellen, wéi et wier, wann déi auslännesch Leit, déi sech et zoutrauen, tatsächlech esou e Pin géifen undoen. Da sti jo all déi, déi net Letzebuergesch schwätze kënnen, zimlech am Reen. Zu Enn geduecht, deelt ee mat esou enger Klassifikatioun déi auslännesch Leit op an déi gutt intégréiert, déi Letzebuergesch schwätzen, an an déi, déi et einfach net wëlle léieren. Mol ofgesinn dovunner, datt et vum pädagogesche Point de Vue hier éischter dernieft ass ze mengen, Leit, déi net perfekt Lëtzebuergesch schwätzen, géifen sech trauen, sech mam Droe vun esou engem Pin selwer op d’Schëlleren ze klappen.
Zwar gëtt am Virstellungstext vun der Campagne betount, „datt d’Lëtzebuergescht nëmmen eng vun deene villen Emgangssproochen ass“. Mä eigentlech verabschied d’Asti sech hei vum Prinzip vun der Gläichwäertegkeet vun den dräi offizielle Sproochen, fir um Premier Juncker senger Schinn vum „Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch“ ze fueren. Datt dëst Konzept an engem Land, wou a ville Betrieber achtzeg Prozent oder méi auslännesch Leit schaffen, zumindest diskutabel ass, gëtt esou ausgeklamert.
Kee Wuert awer geet an där Campagne, déi iwwregens vum Kulturministär finanzéiert gëtt, Rieds doriwwer, datt et zu Lëtzebuerg en absolute Mangel u Sprooche-Course gëtt. Kee Wuert geet Rieds doriwwer, datt vun enger Fräistellung während der Aarbechtszäit, fir Lëtzebuergesch ze léieren, zwar mëttlerweil och emol vu Regierungssäit geschwat gëtt, mä datt d’Emsetzung bis elo net geschitt ass. Net ze schwätzen dovunner, datt et fir auslännesch Schülerinnen a Schüler am Postprimaire net méiglech ass, Lëtzebuergesch ze léieren. Wa scho Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch, da soll de Staat awer wann ech gelifft och d’Conditioune schafen, fir sech déi Sprooch kënnen unzeeegnen.
Obwuel et eigentlech jidderengem – och an der Politik – kloer ass, datt sech zu Lëtzebuerg je no Situatioun a je no Gespréichspartner verschidde Sproochen ubidden, gëtt awer ëmmer erëm dem Lëtzebuergeschen op eng méi oder manner offensichtlech Aart a Weis d’Primat zougeschwat. Dat kann een Valoriséierung vum Lëtzebuergesch nennen – oder och vun uewen diktéiert Sproochepolitik.