Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #26 Sexismus an der Kulturzeen

von | 28.03.2023

Am Mäerz huet de feministeschen Zentrum CID Fraen an Gender seng Video-Campagne zu strukturellem Sexismus an der Kulturzeen lancéiert. Wat fir eng Gesichter kann deen unhuelen? Ass eppes dovunner typesch Lëtzebuerg? A wat seet d’Politik dozou? „Um Canapé mat der woxx“ ginn et Äntwerte vum Claire Schadeck an dem Natalie von Laufenberg.

COPYRIGHT: woxx/Isabel Spigarelli

„Féier keng op – dach net an eiser Kulturzeen! Oder … ?“ Ënnert dësem Slogan huet de CID Fraen an Gender ëm de Weltfraenkampfdag uganks Mäerz an am Kader vu senger Kooperatioun mam Luxembourg City Film Festival eng Video-Campagne zu strukturellem Sexismus an der lëtzebuergescher Kulturzeen präsentéiert. De Clip baséiert op Aussoe vu Kulturschafenden, déi Erfarungen dermadder gemaach hunn. Um Canapé mam Isabel Spigarelli vun der woxx erzielen d’Claire Schadeck an d’Natalie von Laufenberg vum CID méi iwwert hir Campagne. Weider diskutéieren se iwwert d’Duerstellung vu Sexismus a Kulturprodkutiounen, wéi beispillsweis am Film „Tár“, iwwert d’Krux mat der Sängerin Beyoncé souwéi iwwert politesch Léisunge fir d’Aarbechtsbedéngungen am Kultursecteur ze verbesseren. Lauschtert eran an diskutéiert mat!

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...