Am Bistro mat der woxx #259 – Wat gëtt an de Koalitiounsverhandlungen iwwer Rassismus, LGBTIQA+ a Klima geschwat?

von | 20.10.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zu Senneng gëtt grad iwwert déi nei Koalitioun verhandelt. Bei deenen zwielef Aarbechtsgruppen, déi virgestallt goufen,  war allerdéngs net kloer, wat fir eng sech géif iwwert Rassismus an LGBTIQA+ ënnerhalen. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wou déi Theme schlussendlech gelant sinn a wat Organisatiounen, déi sech géint Rassismus respektiv fir LGBTIQA+-Mënschen asetze, dovunner halen. Ausserdeem schwätze mir iwwert de Klima. Deen ass zwar méi prominent vertrueden, mä vill Aspekter ginn trotzdeem vergiess. Besonnesch wichteg ass hei d’Roll vun der Finanzplaz.

 

Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Koalitionsverhandlungen
: Die nächsten Schritte 
in der Klimapolitik

Koalitionsverhandlungen: Irgendwas mit Gleichheit
Klimapolitik: Nicht nachlassen

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d'Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d'woxx-Journalistin...