Kriminalitéit : Esch ass mëll

Nodeems d’Pirate mat der ADR an der Chamber zesumme gaange sinn, hunn si ëmmer nees probéiert sech vun hire Kollegen aus dem groupe technique ze distanzéiere – eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen léisst awer éischter drop schléissen, dass rietse Populismus ustiechend ass.  

(©Zinneke_wikimedia)

Wann se net graat mat Froen iwwer Kaffismaschinnen an de Ministèren d’Minister*innen an hir Beamt*innen an de Wahnsinn dréiwen, stellen d’Deputéiert vun der Piratepartei och mol déi eng oder aner zimlech populistesch Behaaptung an de Raum. Wéi viru kuerzem de Péitenger Pirat Marc Goergen mat enger Fro iwwer d’Sécherheet zu Esch. Dass hien dobäi probéiert aus de selwechten Virurteeler géint d’Minettemetropol Profit ze schloe wéi 2011 den deemolegen ADR-Lokalkandidat Guy Bouchard (deen an der Tëschenzäit awer net méi an der Partei ass), sief him verziehen – zu där Zäit war d’Piratepartei jo nëmmen zwee Joer al.

Mä trotzdeem ass et bëlleg ëmmer nees op de schlechten Image vun der zweetgréisster Stad am Land anzedreschen a mat Clichéën ze hantéieren, déi engem Bistrosgespréich am Niveau an näischt nostinn. Wéi zum Beispill: „Et brauch ee keng zwou Persounen an der Stad ze froen, fir festzestellen, dass d’Perceptioun vun der Sécherheet zu Esch miserabel ass. Ob Drogenhandel, Gewalt am Alldag oder Déifstall, d’Escher Police leeft der héijer Unzuel un Infraktioune säit Joren hannendrun“.

Mat dësen extrem gutt recherchéierte „Fakten“ gewappnet huet den onerschrackene Vollekstribun dann d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet, Interieur a Kultur (wéinst Esch2022 – d’Kënschtler*innen an d’Spektateur*inne mussen sech jo sécher spieren) opgefuerdert him Zuelen ze liwwere fir seng Ënnerstellungen ze bestätegen.

Wat déi och – bal, d’Kulturministesch huet mat der Kap vun der Justizministesch geäntwert – gemaach hunn. A kuck do: Zu Esch sin Gewaltakten géint Persounen an de leschte Jore gefall (2013: 442, 2018: 362), wärend Drogendelikter eng liicht Fluktuatioun ervir weisen (dëslescht awer och erof ginn). Nëmmen d’Déifställ sinn an d’Luucht gaangen, awer och net dramatesch vill. War wuel näischt mat Kleng-Chicago a Bomen Angscht a Schrecken ajoen.

D’Ministere Bausch an Tanson ginn dann nach wéi gewënscht Tableauen iwwert d’Kriminalitéit an der Stad, Péiteng, Déifferdeng, Ettelbréck a Wolz – a souguer iwwert d’Stater Gare huet d’Police missten an hir Chiffere wuddere goen, fir dem Freibeuter seng Demande ze erfëllen.

Si präziséieren allerdéngs: „Et muss een déi Zuelen aus de virleienden Tableauen an de richtege Kontext setzen, et kann een net einfach déi eenzel Gemengen oder Quartiere matenee vergläichen. Hei spillen eng grouss Zuel u Facteuren, wéi zum Beispill d’Bevëlkerungsdicht an -Zesummesetzung, déi geographesch Lag oder dat subjektiivt Onsécherheetsgefill bei der Bevëlkerung eng entscheedend Roll an erlaben et dowéinst net, déi eenzel Zuelen ouni weider Analys direkt mateneen ze vergläichen. Aus deem Grond ginn et momentan dann och keng objektiv Indicateuren, déi géingen drop hiweisen, dass zu Esch d’Kriminalitéit ausser Kontroll gerode wier, d’autant plus wou d’Tendenz bei den Zuelen, déi gefrot goufen, och éischter stabel ass, an d’Kriminalitéit an deene Beraicher demno net ausser Kontroll ass“. Deem huet d’woxx och näischt bäizefügen, et sief dann, dass mer gespaant sinn drop, ob dës Äntwert grad sou grouss an de Social-Media-Kanäl vun de Pirate promouvéiert gëtt, wéi hir aner Groussdoten.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , , , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.