Podcast: Am Bistro mat der woxx #037 – Klimaflüchtlingen
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen. Dës Woch ass an der Pabeier-Woxx ee klenge Fokus op Migratioun, passend vum Festival des Migrations, deen dëse Weekend an der Luxexpo um Kierchbierg iwwert d'Bühn geet. D'Thema vun der Woch am Podcast huet...








