35 Joer Sproochegesetz zu Lëtzebuerg: Jo, mä …

D’ADR an d’Actioun Lëtzebuergesch fuerderen eng Reform vum Sproochegesetz, déi der aktueller Situatioun gerecht gëtt. Mä wéi gesäit déi aus?

Foto: Cayambe, CC BY-SA 3.0

Souwuel d’Actioun Lëtzebuergesch (AL) wéi och de Piraten-Deputéierte Sven Clement hunn an engem Schreiwes den Artikel 4 vum Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 zitéiert. Konkret geet et dobäi ëm d’Formuléierung: „Lorsqu‘une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l‘administration doit se servir, dans la mesure du possible, pour sa réponse de la langue choisie par le requérant“. Fir d’AL an de Clement léisst „dans la mesure du possible“ ze vill Spillraum dofir, datt Formbréiwer an Äntwerten op Ufroen net op Lëtzebuergesch mussen iwwersat ginn. D’AL wëll festhalen, datt d’Administratioune verflicht sinn an der Sprooch ze äntweren, an där d’Bierger*inne si uschreiwen. Wou et ëm d’Lëtzebuergescht geet, ass d’ADR net wäit: De Fernand Kartheiser huet kuerz drop e „projet de loi“ agereecht, wou genee dat dra steet, wat d’AL fuerdert. D’Sproochegesetz soll un déi aktuell Situatioun ugepasst ginn. Dat géif der „Méisproochegkeet am Land an der Entwécklung vum Lëtzebuergeschen“ gerecht. Si konzentréiere sech wéi gewinnt nëmmen op eng Sprooch, déi hei am Land geschwat gëtt.

Fakt ass, datt 73 Prozent vun 1.053 Befroten zu Lëtzebuerg déi dräi Landessproochen kënnen. Dat seet eng Studie vun TNS Ilres vun 2018. Dräi Véierel vun de Befrote kënne véier Sproochen oder méi. Doriwwer eraus hunn 98 Prozent vun hinnen ugi Franséisch ze kënnen. 80 Prozent verstinn a schwätzen Englesch an 77 Prozent Lëtzebuergesch. D’Realitéit gesäit deemno sou aus, datt eng Majoritéit och Englesch kann. Logesch wier et also d’Formbréiwer op Englesch ze iwwersetzen an och dës Sprooch als Optioun am Artikel 4 opzezielen. De Clement ass op dës Erweiderung aus. D’AL an d’ADR bezéien hir Fuerderung awer just op Ufroen, déi an den dräi Administratiounssprooche formuléiert goufen. Et ass liicht ze duerchkucken, datt et hinnen net ëm Méisproochegkeet geet, mä reng ëm d’Integratioun vum Lëtzebuergeschen. Ass dat sënnvoll?

An der zitéierter Studie heescht et och, datt dräi Véierel vun de Befroten, déi Lëtzebuergesch kënnen, am Alldag kee Problem mat der Méisproochegkeet hunn. Et sinn éischter déi, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, déi op Barrière stoussen. Nieft der Ergänzung vun der administrativer Kommunikatioun op Lëtzebuergesch, ass déi grondsätzlech méisproocheg Erweiderung dovunner néideg. Vläicht ass si souguer méi relevant, well si e gréissere Publikum uschwätzt. Et ass ëmmerhin eng Minoritéit, déi nëmme Lëtzebuergesch kann.

Méisproochegkeet ass keng Hierarchiséierung

Wann d’AL an d’ADR an hire Communiquéë vun der „Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg“ schwätzen, mä dës just op dräi Sprooche reduzéieren, dann ass dat wäit vun der aktueller Situatioun ewech. Et ass eng Hierarchiséierung vun der Sprooch, déi eleng op enger nationalistescher Ideologie berout.

Jo, et ass wichteg, datt Lëtzebuergesch promovéiert gëtt. Dat geschitt duerch Initiativen vum Educatiouns- a Kulturministère an duerch divers aner Projeten. Mä e Land, dat sech mat senger Migratiounsgeschicht, sengem héijen Undeel vun Auslänner*innen un der Bevëlkerung a senger kultureller Villsäitegkeet bretze kann, muss am Hibléck op Kommunikatioun méi Opweises hunn, wéi d’Festklameren un dräi Sproochen. Déi sproochlech Villsäitegkeet ass e Räichtum, dee Länner och op administrativem Niveau sënnvoll sollten notzen.

Déi sproochlech Minoritéiten, wéi beispillsweis d’Portugisescht oder d’Italienescht – fir der just zwou ze nennen – mussen och eng fest Plaz an der Ëffentlechkeet kréien. E lëtzebuergesche Begréissungstext op der Websäit vu Gemengen a vum Staat, wéi d’AL e fuerdert, geet net duer. Dat wat si en „einfache Geste“ nennen, fir de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen ze ënnersträichen, muss och fir déi aner Sprooche gëllen, déi hei geschwat ginn.

Quite datt d’Administratiounen net all Ufro an 19 verschidde Sproochen (sou vill ënnerschiddlech Sproochen hunn déi Befroten aus der Studie geschwat) muss beäntwerten oder all Formbréif an dës muss iwwersat ginn, mä mat där Variant vum „einfache Geste“ kéint Lëtzebuerg en Zeeche fir d’Méisproochegkeet setzen. Lëtzebuerg kann nämlech méi, wéi dräi Sproochen.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.