ZÄITSCHRËFTEN: Ons Stad, déi Honnertst
Zënter drësseg Joer bitt d’Zäitschrëft „Ons Stad“ an Text a Bild hir Vue op d’Stad Lëtzebuerg vun haut a vu gëscht. Si mécht dat mat Eleganz an a konstanter Qualitéit. E Portrait zur 100. Ausgab.
Bal gesäit et aus, wéi wann de Wëllem géif op der Betonneuse trounen. Déi éischt Nummer vun „Ons Stad“, erauskomm am Juni 1979, huet sech mam Parking Knuedler befaasst, deen deemools sou gutt wéi fäerdeg wor. An den Editorial gëtt begleet vun dëser schéiner Foto vum Monument, dat dunn iwwert dem Chantier getrount huet, sou wéi et haut nees iwwert der zoubetonéierter Maartplaz trount. mehr lesen / lire plus