Carte Blanche op RTL: Solidaresch wärend an no der Pandemie

Fir de woxx-Journalist Richard Graf ass et wichteg, sech elo scho Gedanken ze maachen iwwert déi sozial Verwerfungen, déi d’Pandemie mat sech bréngt.

Zwar wësse mer ëmmer nach net, wéi laang d’Pandemie an hir Konsequenze fir ons Gesellschafte wäerten undaueren. Trotzdeem ass et wichteg, sech elo scho Gedanken ze maachen iwwer dat, wat mer aus dëser – dach eemoleger – Situatioun léiere kënnen.

Et gëtt e puer Elementer, déi een optimistesch maachen.

Zum Beispill wann agefleeschte Liberaler neierdéngs d’Wichtegkeet vun enger Interventioun vum Staat betounen, fir datt d’Wirtschaft net Baach erofgeet.

Oder wann eng Rei Beruffer, déi bis elo éischter als mannerwäerteg gegollt hunn, op eemol als existenziell fir eis Gesellschafte betitelt ginn.

Oder d’Renaissance vum Wuert Solidaritéit, an engem Kontext wou jiddweree mat verantwortlech ass, fir d’Verbreedung vum Virus ofzebremsen.

Allerdéngs ass den Optimismus séier nees am Keller, wa mer déi direkt Auswierkunge vun der Kris kucken. Mir musse feststellen, datt grad déi äermsten Deeler vun der Bevëlkerung – hei a soss an der Welt – riskéieren, am stäerkste vun der Pandemie betraff ze ginn.

Och wann et nach eng Zäitchen dauere wäert, bis d’Statistik eis genau Zuele liwwere kann, sou gëtt et dach eng Rei Indicateuren, hei zu Lëtzebuerg, an Europa a weltwäit, déi drop schléisse loossen, datt d’Schéier tëschent räich an aarm, net nëmme weider ausernaner geet, mä sech dëse Phänomeen esouguer nach beschleunegt huet.

De vill zitéierte Staat, misst seng nei unerkannte Roll dach eigentlech dozou notzen, dësem Trend entgéint ze wierken.

Déi entspriechend Mesure sinn allerdéngs bescheiden, wann e kuckt wat insgesamt an de wirtschaftlechen Nees-Opschwong gestach gëtt.

Zwar gouf zu Lëtzebuerg, zum Beispill, d’allocation de vie chère verduebelt – nodeem se e Joerzéngt laang net bougéiert huet. Dës Erhéijung gëllt an där Form awer nëmme fir 2020­.

Och d’Verlängerung vum Blockage vun de Loyeren ass u sech eng gutt Moossnam.

Allerdéngs waren d’Loyere fir vill Leit schonns virun der Kris vill ze héich. Duerch di zousätzlech finanziell Schwieregkeeten, kommen si elo trotzdeem an d’Laberenten.

Et sinn awer net nëmmen di Äermst, déi d’Kris ze spiere kréien. Och déi, déi just iwwert de Krittäre vun der Vergab vun diverse Vergënschtegunge leien, maache schwéier Zäiten duerch.

D’Hoffnung bei hinnen, hir Liewenssituatioun lues awer sécher kennen ze verbesseren, huet längst der Angscht no ënnen ze rutschen, misse Plaz maachen.

Iergendwann mussen eis Gesellschafte Kéier kréien, fir dësen Trend ze stoppen. Dat heescht awer och, datt déi, déi ouni ze vill Blessuren duerch d’Kris komm sinn, an Zukunft e méi staarke Beitrag musse leeschte fir eise Staat ze droen, wéi déi, déi an hirem Liewensprojet zeréck gehäit goufen.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.