Am Bistro mat der woxx #236 – Wisou huet de neie Klimaplang esou mann Ambitiounen?

von | 28.04.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Lëtzebuerg wäert säi Klimazil fir 2030 net upassen. Dat geet aus dem neien nationalen Energie- a Klimaplang, Pnec genannt, ervir. Am Podcast maache mir eng kuerz Analys vun deene interessantste Punkten aus dem Plang: besonnesch d’Héicht vun der CO2-Steier an d’Matbestëmmung vum Klima-Biergerrot sinn am Fokus. Ee wichtegt Thema ass och den Transport – dee Sektor, deen zu Lëtzebuerg am meeschte CO2 ausstéisst.

Link zum Artikel, iwwert dee mir schwätzen:
Nationaler Energie- und Klimaplan: Kleine Schritte 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...