Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #31 Rape Culture: d’Roll vu Veranstalter*innen

von | 22.08.2023

Hei ass den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zum Thema rape culture: Am August schwätzt d’Ainhoa Achutegui, Direktesch vun der Abtei Neimënster, iwwert d’Verantwortung vu Veranstalter*innen a Kulturinstitutiounen.

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/WOXX

E gouf am Juli versprach, hei ass en – den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zu rape culture. Dëse Begrëff ëmfaasst ënner anerem sozial a kulturell Verhalensweisen, déi sexualiséiert Gewalt verharmlosen oder ignoréieren, d’Schold dofir bei den Affer sichen oder alles dat zesummen.

Huet lëschte Mount déi spuenesch Kënschtlerin Laia Abril gedeelt, wéi si dat Thema an hirer Aarbecht souwéi an der Ausstellung „On Rape“ an der Abtei Neimënster ugeet, schwätzt lo d’Ainhoa Achutegui iwwert den Ëmgang vu Kulturveranstalter*inne mat rape culture.

Wéi sollen si virgoen, wann bei engem Event alles aus dem Rudder leeft? Wéi sollten si Kënschtler*inne mä och Fans begéinen, déi géint de Konsens verstoussen a sexualiséiert oder aner Gewaltformen uwenden? A wat deet sech am Lëtzebuerger Kulturbetrib, fir géint rape culture virzegoen? Lauschtert eran an diskutéiert mat!

Abonnéiert de Podcast op  Apple Podcasts (iTunes) / Spotify / Android.

Unmierkung: Dësen Episod ass Mëtt Juli opgeholl ginn – antëscht leie weider Informatiounen zum Fall Till Lindemann (Rammstein) vir, déi mir zum Zäitpunkt vun der Opnam net konnte virausgesinn.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...