Backcover: Claudine Muno

Am Abrëll hëlt d’Claudine Muno de Stëft an de Grapp, fir déi hënnescht Säit vu der woxx ze gestalten. Iwwer fënnef Editioune verdeelt erzielt si d’Geschicht vun der Polly Morbid – enger Superheldin am Alter. Mat der woxx huet déi lëtzebuergesch Kënschtlerin iwwer Fatalismus, Bankautomaten an hiren Hommage geschwat.

D’Polly Morbid ass eng Bomi, déi keng Angscht viru Begrëffer wéi „polymorbid“ oder „comorbidités“ huet – am Géigendeel.

woxx: Claudine, wisou hutt Dir fir Är Serie „Polly Morbid“ eng Bomi an de Kostüm vu enger Superheldin gestach?


Claudine Muno: Déi Iddi ass an der Pandemie entstanen, deelweis duerch meng privat Situatioun. Dacks gëtt lo vu Leit geschwat, déi vulnerabel sinn – et fale Wierder wéi ‚polymorbid‘ oder och ‚comorbitités‘. Dat sinn déi Léit, déi stierwen, heescht et. Meng Mamm war ganz erstaunt, datt si lo als vulnerabel Persoun gëllt. Et ass net, well ee vill verschidde Krankheeten huet, datt ee kee Liewens-
welle méi hätt. Meng Mamm seet ëmmer: „Ech wëll, ech wëll, ech wëll.” Dat ass d’Virbild fir d’Polly Morbid. D’Iddi ass also d’Erzielung ëmzedréinen, an déi vulnerabel Persounen zu Superheld*innen ze maachen.

Är Serie besteet aus Zeechnungen an Text. Wat war als éischt do?


Als éischt war den Text do. Ech hu mech iwwer dee Fatalismus geiergert, deen an der ëffentlecher Debatt existéiert. Den Text ass einfach sou aus mir raus gebrach. D’Iddi zu den Illustratiounen koum, wéi d’woxx mech ugeschwat huet, ob ech eng Serie fir d’Récksäit wéilt gestalten.

Wat fir ee Fatalismus mengt Dir?


Datt akzeptéiert gouf oder gëtt, datt vulnerabel Persounen eben duerch Covid stierwen. Dat ass vläicht een novollzéibare Fatalismus, mä et muss ee sech awer och froen, wien déi iwwer 1.000 Persoune sinn, déi hei am Land am Zesummenhang mat Covid gestuerwe sinn.

Wéi schwéier war et fir Iech, déi belaaschtend Gedanken a Biller ze iwwersetzen?


Net ëmmer sinn d’Iddien iwwerdrobar an Illustratiounen. Ech maache meeschtens eng Réi Biller a kucken, wat ech op de Pabeier kréien.

Et ass net déi éischte Kéier, datt Dir fir d’woxx Alter als literarescht Motiv verschafft. Och an Ären zwou Chrëschtdagsgeschichten ass et ëm eng eeler Madamm, d’Tatta Nan, gaangen. Wouhier kënnt dat Interessi 
um Alter?


Dat huet ënner anerem domadder ze dinn, wéi ech opgewuess sinn. Ech sinn zwar en Eenzelkand, mä meng Kandheet war net sou, wéi ee sech dat bei Eenzelkanner vläicht virstellt: Et waren ëmmer vill Léit ronderëm mech. Ech si véier, fënnef Joer just mat Erwuessenen an eelere Léit opgewuess – dat präägt een. Den éischte Bléck, deen een erop geheit, fält op eeler Mënschen. Ech sinn och gepräägt vu menger Bomi, déi eng wichteg Roll a mengem Liewe gespillt huet.

D’Claudine Muno schafft regelméisseg als fräi Mataarbechterin fir d’woxx – lo wot si sech mat der Serie „Polly Morbid“ un d’Récksäit vu der Zeitung. (Copyright: Claudine Muno)

A wéi engem Sënn?


Si huet mir vill Geschichte vu fréier gezielt. Si war mat ee Grond, firwat ech Geschicht studéiert hunn. Ech war ëmmer interesséiert un ale Fotoen, ech souz als Kand oft tëscht eeleren Dammen, déi gestréckt hunn, an hunn hinnen nogelauschtert. Ech weess, datt et net fir jiddereen ëmsetzbar ass, eeler Familjemembere bis zum Liewensenn bei sech ze halen, mä ech perséin-
lech si frou, datt mir alleguerten zesumme waren an datt meng Bomi bis zum Enn aktiv, um Alldag bedeelegt war – eis lescht Diskussioun goung drëms, wien 2003 beim Emergenza (Musékskompetitioun; Umierkung vu der Redaktioun) gewonnen huet.

Beweege mir eis als Gesellschaft generell vun enger Ausernanersetzung mam Alter ewech?


Ech di mir schwéier ze generali-
séieren. Wat mir am Moment awer interessant schéngt: D’Welt kënnt mir vir, wéi wann se ofgetrennt vun eelere Mënsche wier, déi net an engem Altersheem liewen oder am Spidol sinn. Ech fannen et schwiereg, datt Infrastrukturen ewechbriechen an aus der Proximitéit verschwannen, datt et manner Zeitunge gëtt. Fir verschiddener strukturéieren am Alter Kléngegkeeten den Alldag, wéi zum Beispill déi eng Route, déi een huet, wann een akafe geet, an déi Leit, déi een ënnerwee begéint. Dat gëtt engem eng Sécherheet, wou anerer ewechbriechen, och well de Kierper sech manner gutt beweege léisst.

D’Polly Morbid kämpft ënner anerem mat Bankautomaten.


Ech hunn e Mol en eelere Mann an enger Bank gesinn, dee gekrasch huet, well en um Guichet keng Sue 
konnt ophiewen, an huet missen un den Automat goen. Hien huet sech domadder net auskannt, huet du missen engem vun der Bank säi Pin ginn a sech alles weise loossen, fir e puer Sue opzehiewen. En ass nees zum Kand gemaach ginn. Ech fannen et diskutabel, datt alles digitali-
séiert gëtt – dat erschwéiert verschidde Mënschen, net nëmmen eeleren, den Alldag onnéideg. Am Moment ginn et och vulnerabel Léit, déi Panik hu fir akafen ze goen, well et keng Maskeflicht méi gëtt. Wisou ginn a grousse Supermarchéën dann net een, zwee Deeg agefouert, wou déi nach besteet?

Är Serie ass um Enn also eng 
Hommage un eeler Persounen, déi sech vun all dësen Ëmstänn net kléngkréie loossen – och wann e puer Zeenen eng gewësse Komik hunn.


Si ass als Hommage geduecht, ech wëll duerch déi Passage mat 
schwaarzem Humor sécher mat kengem de Geck maachen. Et seet een net fir näischt „We are standing on the shoulders of giants“: Eis Fräiheete sinn erschafft gi vun de Leit, déi virun eis do waren. Déi richteg Superheld*innen sinn eben net d’Scarlett Johansson oder de Robert Downey Jr. aus de Marvel-Filmer.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.