Carte Blanche op RTL: Fortschrëtt mat 20 Joer Verspéidung

von | 07.04.2021

Eng duerchgoend Vëlospist tëscht der Stad an der Gare. Doriwwer kann een sech freeën, an dann awer och nees net. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Firwat net éischter? Dat ass d’Fro déi engem duerch de Kapp geet, wann een di fuschnei Piste laanscht d’Nei-Avenue vum Pont Adolphe bis zur Paräisser Plaz mam Vëlo erof- oder erop strampelt. E Freideg gouf se mat – pandemiebedéngt – reduzéiertem Tamtam ageweit. Joerzéngtelaang ze spéit, fir déi, déi reegelméisseg mam Vëlo tëschent der Stad an der Gare ënnerwee sinn. An dach e bësschen ze fréi, well grad op der Paraïsser Plaz de Konflikt mat de Foussgänger virprogramméiert ass. Deenen hir Amenagementer sinn eréischt am Juni fäerdeg.

Spéitstens wann dann am Summer, dann déi – nom Lydie Polfer – „schéinste Strooss aus der Stad“ ganz fäerdeg ass, an d’Pist ausgibeg vun de Vëlosfuerer genotzt gëtt, da wäert d’Fro opkommen, firwat se net no der Paräisser Plaz einfach riicht aus weider leeft. Neen d’Vëloen mussen, wann se vun der Neier Bréck erofkommen, an nodeem se de ganzen Zäit op der rietser Stroossesäit gerullt sinn, no lénks, iwwert d’Autospueren an Tramsschinnen, an d’Origer-Strooss fueren, an dann no rechts an d’Al Avenue ofbéien. Fir déi di Op Bouneweeg-Nord oder op d’CFLs-Gare ënnerwee sinn, mécht dee Schlenker sécherlech Sënn. Awer déi, déi zum Beispill op Hollerech oder Gaasperech wëlle kommen, mussen virun der Gare den Tram eng zweete Kéier kräizen, an dann tëschent onbeduechte Foussgänger an Foussgängerinnen Slalom fueren, well déi u sech luxuriéis Piste tëschent en Trams- an en Bus -Arrêt agequëtscht ginn ass.

Datt Konflikter hei net d’Ausnam, awer d’Reegel wäerte ginn, ass souzesoen virprogramméiert, schliisslech handelt et sech bei der Gare Centrale ëm een de wichtegsten „Pôle d’Echange“ vum ganze System. Dat Ganzt erënnert dach staark un déi Problemer, déi och di fir d’Vëloen ausgebaute Al Bréck mat sech bruecht huet: wärend et op der Bréck rullt, sinn d’Konflikter Richtung Uewerstad, hannert dem Sammel-Arrêt vun de stättesche Busser um Boulevard Roosevelt, och net ze vermeiden. Op Nei Avenue oder Al Bréck – a béide Fäll handelt et sech net ëm provisoresch Léisungen, mä ëm definitiv Amenagementer, déi weisen, datt beim Plangen fir d’läscht un de Vëlo geduecht gouf. An dat, trotz ville schéine Sonndesrieden.

De Staat a d’Gemeng weisen sech hei gären géigesäiteg d’Schold zou. Do wou allerdéngs eng gesond Konkurrenz d’Geschäft soll beliewe, fält ëmmer méi op, datt een den aneren boykottéiert. An dësem Fall um Bockel vun de Vëlosfuerer a -fuererinnen, déi zu Lëtzebuerg besonnesch vill Gedold beweise mussen. Freet sech just, wéi laang dem Trauerspill nach wäerte nokucken, ier se sech deen Espace den hinnen zousteet, mat dann éischter onkonventionelle Methoden wäerten uneegnen.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D'Resultater vun der Studien...

THEMATRANSPORT

Transports publics : Le TICE sur une route sinueuse

Les problèmes de personnel au TICE sont un serpent de mer. Un piquet de protestation organisé en septembre 2025 devait ouvrir un débat sur les conditions de travail au sein du réseau de bus du sud du pays. Mais la direction joue la montre, alors que le TICE changera de statut en 2027. L’État fera alors son entrée dans la structure, mais pour l’instant il ne dévoile rien de ses intentions, ajoutant au flou ambiant.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...